D'Staatsbeamtegewerkschaft begréisst, datt et den 13. Dezember endlech zur Tripartite kënnt: déi sozial an ekonomesch Situatioun vum Land soll dobäi awer net deen eenzege Punkt um Ordre du jour sinn, huet de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger gefuerdert, mee och d'Logementsproblemer, de Klimawandel, d'Energiepräisser an d'Pandemie.
D'Suitte vun der Pandemie
Alles misst beim Rendezvous vu Regierung a Sozialpartner e Méindeg op den Dësch kommen, huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff verlaangt, och d'Fro, wie fir d'Pandemie wäert bezuelen.
Beim CovidCheck op der Aarbecht wier et an de leschte Woche vill Opreegung ginn - de Steve Heiliger mengt, datt d'Regierung sech "vill Misär" hätt kéinten erspueren, "wa vun Ufank un eng kloer Linn do gewiescht wier". Eréischt elo géif d'Politik hir Verantwortung iwwerhuelen.
D'Demonstratioun géint d'Corona-Mesuren de leschte Samschdeg an der Stad, huet d'CGFP iwwerdeems kritiséiert. "D'Aart a Weis, wat sech verschidde Leit e Samschdeg geleescht hunn, dat kënne mir net guttheeschen", esou de Romain Wolff.