Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber diskutéiert iwwer de Präis vum Tubak

Chamberdebatt

Chamber diskutéiert iwwer de Präis vum Tubak

Sollen d'Accisen um Tubak an d'Luucht gesat ginn? Doriwwer hunn d'Deputéiert an der Chamber diskutéiert - et goufen heibäi ënnerschiddlech Positiounen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / S_DM

Lauschterenplay_arrow


De Verkaf vun Tubak bréngt dem Staat eng Milliard Euro u Recetten iwwer Accisen oder TVA. 88 Prozent vum Tubak, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, geet an d'Ausland.

An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth d'Fro opgeworf, firwat een op där enger Säit den Tanktourismus ofbaut, andeems een d'Präisdifferenz mat den Nopeschlänner erofsetzt, a beim Tubak dat net gemaach gëtt, obwuel gewosst ass, datt den Tubak schiedlech fir d'Gesondheet ass.

Ënnerschiddlech Positiounen

An där Debatt gouf et ënnerschiddlech Positiounen. D'DP-Finanzministesch ass sech där Problematik bewosst, mee et kéint een am Ablack awer net op déi Recette an Héicht vun enger Milliard Euro verzichten.

Fir d'Cécile Hemmen ass et kloer, datt déi ëffentlech Gesondheet iwwer d'Recettë vum Staat priméiere misst. Dofir wier d'LSAP bereet iwwer eng Erhéijung vun den Accisen um Tubak ze diskutéieren.

Grenziwwerschreidend Kontakter

Och d'Josée Lorsché, gréng Fraktiounspresidentin wëllt eng progressiv Erhéijung vum Tubakspräis. Si huet de Verdacht ausgeschwat, datt vill Zigarette "a risegrousse Quantitéiten" bëlleg zu Lëtzebuerg akaaft ginn, fir dann am Ausland zu méi héije Präisser verkaaft ze ginn. Beweiser dofir hätt si nach net, mee wann dee Verdacht sech bestätegt, "géif et sech ëm illegale Schmuggel oder ëm Blanchiment handelen".

Déi Lëtzebuerger Autoritéite sinn och schonn ëm eng Kooperatioun gefrot ginn, erkläert d'Yuriko Backes. D'Douane wier rezent vun de franséischen Homologe kontaktéiert ginn a mat England hätt ee "ganz reegelméisseg Kontakter", esou d'Finanzministesch.

D'ADR war an der Chamberdebatt déi eenzeg Partei, déi kee Lenkungsmanöver iwwer eng Präishausse beim Tubak wëllt.