Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber gëtt gréng Luucht: Aus RMG gëtt REVIS

Revis

Chamber gëtt gréng Luucht: Aus RMG gëtt REVIS

D'Chamber huet gréng Luucht gi fir den RMG duerch de REVIS ze ersetzen. Deen neie Revenu d'Inclusion sociale gëtt an zwee gespléckt. D'Stéit kréien eng Allocatioun d'inclusion an eng Allocation d'activation. Ronn 10.200 Stéit kréien zu Lëtzebuerg den RMG. Déi meescht kréien awer just de Complement, well si berufflech aktiv sinn a well hiert Gehalt net duergeet fir den Niveau vum Revenu minimum garanti ze erreechen. Dat ass fir 9.300 Stéit de Fall. Dat heescht knapp siwe Prozent vun den RMG-Bezéier schaffen net, dorënner och Persounen, déi net an der Lag sinn, eng Aarbecht unzehuelen.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / jchizhe

Mam REVIS ginn et Changementer un der Allocation d'activation, déi deenen ze gutt kënnt, déi schaffen oder Moossname fir eng berufflech Reinsertioun ze erméiglechen, oder déi eng therapeutesch Aarbecht maachen.

D'Berechnung vum REVIS gouf geännert, seet den DP-Deputéierte Claude Lamberty, Rapporter vum Gesetz. Et wier virun allem drëms gaangen, Inkoherenzen opzehiewen. De Moment wier et esou, datt et bei Leit déi schaffe ginn, zu enger Stagnatioun oder esouguer zu enger Baisse vun hirem Liewensniveau géif kommen. Doduerch géifen d'Leit encouragéiert ginn, fir ofhängeg ze bleiwen. "Deen neie Revis ass esou konzipéiert, datt all Augementatioun vu Schaffstonnen, och ee finanzielle Virdeel mat sech bréngt", seet de Claude Lamberty.

Et ginn awer och Stéit, déi elo manner gutt ewech komme wéi virdrun, betount déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Verschidde Famillen, déi nieft dem REVIS ee véierels oder een hallwe Loun hunn, hätten duerch d'Ëmstellung vum RMG op de REVIS, haut manner Suen zur Verfügung. Dës Entwécklung misst een am A behalen, seet déi gréng Deputéiert.

Verbesserunge fir Leit a prekärer Situatioun

Och fir Stéit, an deenen déi zwee Partner an enger prekärer Situatioun sinn, ginn et Verbesserungen. Bis elo huet just ee vun de Partner dierfen eng berufflech Reinsertiounsmoossnam kréien. Dacks hunn d'Fraen am Stot de Kierzere gezunn, wat kontraproduktiv war.

An Zukunft gëtt och gekuckt, ob déi concernéiert Persoun an engem Stot oder an enger Wunngemeinschaft lieft. Da gëtt déi Persoun eenzel betruecht. Wichteg ass, datt d'ADEM deen éischten Uspriechpartner ass, wann een de REVIS wëllt ufroen a wann ee manner wéi 65 Joer al ass. Bannen dräi Méint soll dann een Aktivatiounsplang ausgeschafft ginn.

Marc Spautz: Roll vun der ADEM a Fro gestallt

Fir den CSV-Deputéierte Marc Spautz ass d'Roll vun der ADEM a Fro ze stellen. Éier een den RMG géif kréien, misst ee scho wéinstens ee Joer bei der ADEM ageschriwwe sinn. "Wann d'ADEM déi Aktivatioun während zwielef Méint net fäerdegbréngt, fir d'Leit an d'Beschäftegung ze kréien, éier si an den RMG gefall sinn, da muss ee sech Froe stellen iwwer d'ADEM, firwat dat net geklappt huet", seet de Marc Spautz.

Famille mat Kanner kréie méi Ënnerstëtzung

Den Office national d'insertion sociale, den ONIS, iwwerhëlt d'Relève a suivéiert d'Stéit. D'Zuel vu Stéit, déi ee Sozialaarbechter suivéiert, gouf op aacht fixéiert.

Am REVIS gouf am Forfait vun der Allocation d'insertion der Präsenz vu Kanner am Stot Rechnung gedroen, betount d'Taina Bofferding, LSAP-Deputéiert. Domat géife Famille mat Kanner nach méi geziilt ënnerstëtzt. 105 Euro soll e Stot, mat wéinstens engem Kand, méi kréien. D'Stéit géifen also näischt verléieren, mee souguer eppes bäikréien, seet d'Taina Bofferding.

Leit ouni feste Wunnsëtz kënnen de REVIS ufroen, wa si sech bei enger Hëllefsorganisatioun umellen. Och Persounen iwwer 25 Joer sollen de REVIS bezéie kënnen. Do ginn et awer Ausnamen, fir schwanger Fraen a fir jonk Mammen, grad ewéi fir Jonker, déi d'Kapassitéit net hunn enger Aarbecht no ze goen. D'Argument vun der Familljeministesch ass, datt et fir Jonker eng Hellewull un Interaktiounsméiglechkeete géif ginn.