Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Detailer bleiwen ze klären

Ëffentlech Chamberkommissiounssetzungen

D'Detailer bleiwen ze klären

D'Sitzunge vun de Chamberkommissioune sollen an Zukunft ëffentlech ginn. Fir dëse Virschlag, a Form vun enger Resolutioun vun der CSV-Fraktioun, gouf et an der Chamber-Plenière en Donneschdeg eng generell Ënnerstëtzung. Déi praktesch Froe sollen d'Membere vum Chamber-Büro bannent kuerzer Zäit klären, huet et geheescht. Vu wéini un d'Kommissiounssitzungen ëffentlech wäerte sinn, a wéi vill zousätzlecht Chamber-Personal dofir néideg ass, wier fir de Moment nach gewosst, seet de Generalsekretär vun der Chamber, Claude Frieseisen.

auto_stories

2 min


Den ganzen Interview vum Serge Kesseler mam Claude Frieseisen:

Lauschterenplay_arrow


Claude Frieseisen: Mir kucken also wat dat praktesch bedeit. Mir hunn déi Resolutioun an hiren Text nach eng Kéier ze analyséieren an dat wäerte mer och direkt déi nächst Woch an enger éischter Sitzung ugoen, wou mer de Point maache vun all deene Punkten, déi am Kader vun dëser Resolutioun am Büro mussen diskutéiert ginn.

Wat bedeiten ëffentlech Kommissiounsssitzungen dann nieft dem geplangten Iwwerdroe vun de Videobiller dovun?

Mir mussen elo kucke wat dat fir verschidde Servicer bedeit. Dir hutt et schonn ugeschnidden, datt mir musse kucken wéi déi Biller iwwerdroe kënne ginn. Speziell musse mir driwwer nodenken, wéi mir et maachen, wa mir dräi oder véier Sitzunge mateneen hunn, wéi mir dat iwwer de Streaming kënnen organiséieren. Mir mussen och wësse wéi vill Material mir do mussen en place setzen a wéi vill Leit dofir mussen agestallt ginn. Am Service vun de Kommissioune musse mir och kucke wéi Procès verbauxe vun deene Sitzungen an Zukunft sollen ausgesinn, wann dat ëffentlech ass, ënner wat fir enger Form dat soll gemaach ginn.

Um Niveau vun der Resolutioun musse mir jo och kucken, wat heescht hei "en principe", wat wier de "huis clos" a Reunioune wou Dossiers sensibles wieren. Wat heescht d'Definitioun vu "dossiers sensibles". Dat sinn alles Punkten déi mir nach musse klären.

Wäerte Bierger an d'Press zum Beispill physesch och kënnen an de Säll dobäi sinn, bei den ëffentleche Sitzungen?

Dat ass eng aner Fro, déi dir pertinent stellt, déi och le moment venu mussen decidéiert ginn, wa mir da mat all deene Punkte kommen.