Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberdebat iwwer impfkritesch Petitiounen

Petitiounen

Chamberdebat iwwer impfkritesch Petitiounen

Zil vum ëffentlechen Debat iwwer eng Petitioun ass et, mateneen an d'Gespréich ze kommen - Pétitionnairen a Politiker - sech auszetauschen, Froen ze stellen an Äntwerten drop ze kréien. Dat huet um Mëttwoch nëmmen zum Deel funktionéiert.

auto_stories

2 min

De Petitionär David Georgiu den 12. Januar an der Chamber. Foto: CHD

Lauschterenplay_arrow


Et wier nawell en nëtzlechen Exercice gewiescht, am Hibléck op d'Debatt iwwer eng eventuell Impfflicht déi aner Woch am Chamber-Plenum, sot duerno d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt:

"Mir sinn zur Conclusioun komm, datt et wichteg war, datt mer dësen Debat hei haten am Virfeld vun der nächster Woch. Well mir wëllen eis och net soe loossen, datt mer déi Meenungen, déi awer dobaussen ënnerschiddlech sinn, an dobaussen zirkuléieren, datt mer déi net wëllen héieren."

Ëmstriddene Corona-Leegner sinn opgetrueden

D'Politiker hu se elo héieren, op hir zum Deel ganz präzis Froen awer kruten d'Deputéiert dacks keng Äntwert. Dat louch zum Deel un den Experten, déi d'Pétitionnaire matbruecht haten, an déi vun der Plattform profitéiert hunn, fir hir Theorien zum beschten ze ginn.

Dorënner zwee relativ prominent, an zimmlech ëmstridde Corona-Leegner an Impfgéigner. Dorënner de Professer Luc Montagner: "Ces vaccins sont des poisons" sot dee Mann, deen 2008 de Médecine-Nobelpräiss krut wéinst senger Roll bei der Entdeckung vum AIDS-Virus, deen zënterhier awer virun allem duerch allerlee abstrus Theorien opgefall ass. Och an der Chamber, de Christian Perronne: "Il faut arrêter ce délire de vouloir vacciner pour une maladie qui ne tue presque plus."

Wéinst Behaaptunge wéi där gouf den Infektiolog als Chef de service a sengem Paräisser Spidol ofgesat an e krut Problemer mam franséischen Ordre des médecins. Dem Pendant zum Lëtzebuerger Collège médical, dee jo mam Dokter Benoît Ochs, deen och e Mëttwoch an der Chamber war, am Clinch läit.

Datt d'Pétitionnairen sech ëmmer méi dacks vun Experte begleede loossen, wier eng nei Entwécklung, seet d'Nancy Arendt, déi hir och net onbedéngt géif gefalen, mee déi natierlech hiert gutt Recht wier.

Et géif een déi Tendenz awer an der Zukunft am A behalen - virun allem wann et esou geet wéi bei dësem Debatt: datt déi Persoun, déi d'Petitioun abruecht huet, selwer kaum e Wuert seet, an den Experte souguer d'Schlusswuert iwwerléisst.

D'Petitioun 1916 hat de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëfte fir en Débat public knapps gepackt. Um Mëttwoch gouf och eng zweet Petitioun diskutéiert: e Plädoyer géint eng generell Impfflicht, déi iwwer 11.500 Signaturen zesummekrut.