Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberdebat iwwer Gewaltentrennung?

Gewaltentrennung zu Lëtzebuerg

Chamberdebat iwwer Gewaltentrennung?

Soll an der Suite vun der ëmstriddener Virgoensweis vum Mobilitéitsminister François Bausch d'Gewaltentrennung prinzipiell an der Chamber thematiséiert ginn? An där Fro ginn d'Meenunge vun de Parteien ausenaner. De Minister stoung an der Kritik wéinst engem Bréif, deen hien d'lescht Joer un d'Procureure générale geschriwwen hat.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'Juriste si sech net eens, ob d'Virgoe vum Minister eng Amëschung an d'Justiz ass oder net. D'Procureure générale Martine Solovieff ass der Meenung, datt et keng Amëschung ass. Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, stellt sech awer ënner anerem d'Fro, ob den Deontologie-Kodex vun der Regierung eventuell misst iwwerschafft ginn, fir esou Interpretatiounsdivergenzen an Zukunft guer net opkommen ze loossen.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding plaidéiert sengersäits dofir, datt an der Chamber iwwer de Pouvoir vun der Justiz misst diskutéiert ginn. "Wéi funktionéiert se? Wat fir ee Kontrollmechanismus kann et ginn? Checks and balances."

Fir de lénken Deputéierte Marc Baum wier et sënnvoll fir prinzipiell eng Kéier an der Institutiounekommissioun iwwer d'Verhältnis vun de Gewalten hei am Land ze diskutéieren. Hien hofft datt et méiglech wier, déi Diskussioun ouni Partei-Politik ze féieren. Hie verweist dorop, datt d'CSV eng eventuell Demissioun vum François Bausch an d'Gespréich bruecht huet, mee elo awer net fuerdert. "Dat heescht, do ass e bësse partei-politeschen Drock aus dem Kessel geholl", seet de Marc Baum.


De Panorama-Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow


Op Nofro bei der CSV heescht et, d'Diskussioun ronderëm de François Bausch wier en Thema en Dënschdeg an der Fraktiounssëtzung. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché ass dofir, parteiiwwergräifend an an engem fairen Toun doriwwer ze diskutéieren, wéi een an Zukunft mat esou Fäll, wéi deem ronderëm de Mobilitéitsminister kéint ëmgoen. Fir d'LSAP géif et no der Reaktioun vun der Procureure générale kee Besoin méi gi fir eng weider Diskussioun ze féieren. Et sief dann, wann eng ausdrécklech Demande vun enger Fraktioun oder Sensibilitéit dofir kéim.

Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Institutiounekommissioun Alex Bodry sot op Nofro, datt d'Chamber sech awer deemnächst nach eng Kéier mam Volet vun der Onofhängegkeet vum Parquet an dem geplangte Conseil national de la justice géif befaassen. Der Commission de Venise no soll dee Rot de Garant vun der Onofhängegkeet vun der Justiz ginn.