Chamberkommissioun diskutéiert iwwer Artuso-Rapport

D’Chamber ass sech nach net eens doriwwer, wéi eng politesch Conclusiounen aus dem Artuso-Rapport solle gezu ginn. Sou huet no enger Reunioun vun der Institutiounskommissioun zesumme mat de Fraktiounschefe geheescht. Diskutéiert gëtt iwwer d'Fro a wiem sengem Numm déi haiteg Regierung sech misst entschëllegen, a wéi esou eng Excuse formuléiert géif ginn. "Dozou sinn d'Aschätzunge vun den Deputéierten nach verschidden", sou den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

Déi sougenannt Verwaltungskommissioun, déi am Mëttelpunkt vum Artuso-Rapport steet, huet an den éischte Méint vun der Nazi-Occupatioun eng wichteg Roll gespillt, fir jüdesch Bierger ze diskriminéieren, ze enteegnen an ze verdreiwen. D'Verwaltungskommissioun huet am Optrag vun der Chamber a vum Staatsrot gehandelt, gläichzäiteg war déi eigentlech Regierung zesumme mat der Grand-Duchesse am Exil. Den Historiker Vincent Artuso hat déi Problematik scho virum Ofschloss vu sengem Rapport an engem Forum-Artikel mam Titel "Des excuses, mais au nom de qui?" opgeheit. De Michel Pauly, President vum wëssenschaftleche Comité, deen den Artuso-Rapport validéiert huet, seet dozou:

 

Den Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany ass der Meenung, dass d'Chamber deemols eng "deplorabel an detestabel" Roll gespillt hätt. Den Artuso-Rapport wier komplett genuch fir eng Positioun iwwer d'Responsabilitéit vun de staatlechen Institutiounen ze formuléieren: "Et gëtt natierlech ganz schwéier fir dozou ee breede Konsens ze fannen".

Weider Aussoen vum Serge Urbany zum Artuso-Rapport:


onsens schéngt et dann awer doriwwer ze ginn, dass nach weider Recherche néideg ass. Als President vun der Institutiounskommissioun huet den Alex Bodry proposéiert, dass "d'Missioun vun den Historiker soll erweidert ginn, op weider Institutiounen déi deemools nach en fonction waren." Dat géif ënnert anerem d'Chamber an de Staatsrot betreffen. Et wier och kloer, dass een  een Institut fir Zäitgeschicht noutwenneg wier, sou den Alex Bodry: "Wou mer dat usidelen ass jo dann nees méi kontrovers." Och ee Mentalitéitswiessel a Saachen Archivkultur wier néideg.

Den Interview vum Pia Oppel mam Alex Bodry:

 

An hirer nächster Reunioun wëllen d’Deputéiert sech mat Vertrieder vum jüdesche Consistoire iwwer deenen hir Analys vum Artuso-Rapport ënnerhalen. Enn Abrëll oder Ufank Mee soll am Chamber-Plenum eng Debatt zum Thema organiséiert ginn. D’Regierung hat de Rapport an Optrag ginn, an wëll nom Debat an der Chamber hir Conclusiounen zéien.

 

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen