Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Changementer am ëffentlechen Transport

Mobilitéit

Changementer am ëffentlechen Transport

A manner wéi engem Mount gëtt et eng nei Etapp fir den ëffentlechen Transport: Vum 13. Dezember u fiert den Tram vun der Stäreplaz iwwer véier nei Arrête bis op d'Gare. Doduerch gëtt och den nationale Reseau nei strukturéiert.

auto_stories

2 min

Am Stater Reseau wäerten et véier grouss Achse ginn, resuméiert de Lex Bentner, Chef vum Stater Busservice: déi eng géif vum Tram assuréiert ginn, déi aner verbënnt d'Gare mat der Uewerstad. Eng weider Achs verbënnt d'Gare Rocade mat der Uewerstad, an et gëtt nach eng Verbindung vum Oste vun der Stad mam Westen.

Manner Bussen duerch d'Stad

Wann den Tram bis vun der Uewerstad op d'Gare fiert, gëtt dës Streck forcement manner vum Bus befuer. Gëschter virun der Press gouf un d'Verspriechen erënnert fir d'Quantitéit vun de Busser am Stadkär progressiv erofzefueren.

Viru Jore waren et nach 120 Busser, déi pro Stonn dës Streck gefuer sinn. Nodeems et Ännerungen um Reseau goufen, waren et der just nach 60 d'Stonn. Elo wéilt een d'Frequenz nach eng Kéier ëm 30 bis 40 Prozent reduzéieren.

Verschidde Buslinne wäerten awer nach weider iwwer d'Avenue de la Gare, de Boulevard Roosevelt an de Boulevard Royal fueren, fir eng Verbindung tëschent dem Garer Quartier an der Uewerstad ze assuréieren.

Ännerungen am RGTR-Reseau

D'Passagéier vum RGTR-Busreseau wäerten am meeschte mussen hir Gewunnechten änneren, erkläert den Alex Kies, héije Beamte am Mobilitéitsministère.

Betraff wiere virun allem Passagéier vun Izeg, Conter, Mutfert, Sandweiler, mee awer och Passagéier vun Iechternach. Bei der Achs aus dem Süden a Richtung Stad géifen owes a weekends Bussen dobäikommen. De Gros vun den Ännerunge wieren awer an der Stad, wou den Terminus geännert hätt.

Qualitéit an Offer verbesseren

D'Zil wier et, trotz de gréissere Changementer d'Qualitéit vun der Offer am ëffentlechen Transport ze verbesseren, seet den zoustännege Stater Schäffe Patrick Goldschmit. Och wann een ee- bis zweemol misst ëmklammen, wéilt een d'Frequenz ganz héich halen.

Et kéint ee sech net erlaben, datt een duerno eng Stonn méi laang géif brauchen. "Au contraire soll ee gesinn, datt ee mam ëffentlechen Transport, kombinéiert mat zu Fouss a mam Vëlo, méi schnell op der Aarbecht ass, wéi mat sengem eegenen Auto."

Enn November ass eng grouss Informatiounscampagne ugeduecht fir d'Leit iwwer all dës Changementer ze informéieren.