Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kënschtlech, vu Politiker erbäigeféiert Kris"

Flüchtlingsdebatt

"Kënschtlech, vu Politiker erbäigeféiert Kris"

Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens schummt sech fir de Chaos an der europäescher Asylpolitik. D'Léisung wier eng fair Verdeelung vu Flüchtlingen an der EU. Rietspopuliste géifen ee Problem kënschtlech schafen, fir doraus Profit ze schloen.

auto_stories

3 min

Den Horst Seehofer (CSU) hätt et fäerdeg bruecht, "de Sprengsaz do unzesetzen, wou Europa eis e gudden Dag eng Kéier kéint ronderëm d'Ouere fléien". Wann an der EU ee Minimum vu Solidaritéit géif praktizéiert ginn, da géifen d'Chargen no engem demografeschen an no engem finanzielle Schlëssel verdeelt ginn, mengt de Charel Goerens.

Populiste profitéiere vu Flüchtlingsdebatt

Een Deel vun de Parteie géifen no Léisunge sichen, géifen awer keng fannen, well net all d'EU-Memberstaate matzéien. D'léisungsorientéiert Parteie géife vu Rietspopulisten als handlungsonfäeg dohi gestallt. Gläichzäiteg géifen aus deem selwechten Eck nëmmen "einfach Spréch" kommen, déi eng Léisung verhënneren.

"Den Här Gauland (AfD) sicht Problemer a keng Léisungen. Wann hie seet, datt d'Flüchtlingskris vu virun zwee Joer ee Kaddo fir seng Partei wier, da seet hie ganz kloer, datt hien domat am Fong just wëllt, datt dee Misär laang undauert, fir datt hie laang politescht Kapital doraus schloe kann."

Europäesch Solidaritéit an der Migratiounsfro

Déi aktuell Situatioun a verschiddenen Deeler vun der politescher Klass an Europa géif hien degoûtéieren, esou de Charel Goerens. Wann d'Europäesch Unioun net géif verstoen, datt se an dëser Fro zesummenhale misst, "da schummen ech mech fir déi Zwergen, déi eis regéieren", seet de Charel Goerens.

An den Zäitpunkt wier schlecht gewielt: Den US-President géif de Multilateralismus Stéck fir Stéck futti maachen: "Ee Mol ass et d'Unesco, d'Welthandelsorganisatioun oder d'Fräihandelsaccorde mat eenzele Länner. Den Här Putin wëllt dat selwecht."

Flüchtlingsdebatt zu Lëtzebuerg

Bis elo verleeft d'Diskussioun iwwer d'Asylpolitik hei am Land friddlech. Dat géif sech och wéinst de Chamberwahlen net änneren, sou d'Aschätzung vum DP-Politiker. Dat géif sech awer séier änneren, wa Lëtzebuerg op ee Mol mat 10.000 Flüchtlinge pro Joer konfrontéiert wier amplaz mat 1.100 oder 1.200 d'Joer, wat momentan de Fall wier.

Dem Charel Goerens no géif den Discours da kippen an da "géife mir alleguer no méi Solidaritéit jäizen". Et sollt ee Solidaritéit awer net just akloen, wann ee selwer drop ugewisen ass.

Wann dem Charel Goerens seng Heemeschtsuertschaft Schieren (2.000 Awunner) 0,2 Prozent vun hirer Populatiounszuel géif ophuelen, géif dat véier Leit entspriechen. "E Mann, eng Fra an zwee Kanner. Et soll mol ee mir soen, wou d'Schwieregkeete wieren, fir déi ze integréieren. A well mir net am Stand sinn dat ze maachen, hu mir hei eng kënschtlech, vu Politiker erbäigeféiert Kris", seet de Charel Goerens.

Luef fir d'Regierung

Déi blo-rout-gréng Regierung hätt eng gutt Aarbecht gemaach, esou de Charel Goerens. Hie wollt sech awer net dozou äusseren, ob d'DP sech fir d'Weiderféiere vun där Koalitioun soll staark maachen. Och zur Fro, ob d'DP net eventuell méi Gemeinsamkeete mat der CSV huet, wollt hien näischt ze soen.

Hie wier 2013 net géint eng Koalitioun mat der LSAP an déi gréng gewiescht. Just mat der Aart a Weis, datt kee mat der CSV Sondéierungsgespréicher wollt féieren, wier hien net averstane gewiescht.

D'DP géif de Sondagen nees besser do stoen, wéi nach virun engem hallwe Joer. Bis den Oktober missten d'Parteien elo Schwéierpunkttheme setzen, doraus géife sech scho Schnëttmengen tëscht de Parteien erausliese loossen. Dono misst de Wieler iwwerzeegt ginn.