Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charel Grethen no senger 1.500-Meter-Finall zu Tokyo

Olympesch Spiller

Charel Grethen no senger 1.500-Meter-Finall zu Tokyo

De Charel Grethen ass an der 1.500-Meter-Finall bei den Olympesche Spiller zu Tokyo den 12. vun 13. Athlete ginn. Hie konnt an enger séierer Course seng Leeschtung aus der Halleffinall net widderhuelen. Gewonnen huet de Jakob Ingebrigtsen aus Norwegen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

Et war eng immens séier Course an der Hëtzt vum Olympesche Stadion zu Tokyo. En neien Olympesche Rekord fir ze gewannen. An engem Feld vun 13 Leefer koum et zu net manner ewéi fënnef neie perséinleche Beschtleeschtungen. Mat senger Zäit vun 3 Minutte 36 Sekonnen an 80 Honnertstel gëtt de Charel Grethen also den 12. beschten 1.500-Meter Leefer bei den Olympesche Spiller. En enorme Succès fir de Lëtzebuerger, deen esou op seng Leeschtung reagéiert huet.

Andréck vum Charel Grethenplay_arrow

Dem Charel Grethen säin neie Landesrekord koum jo an der Halleffinall mat enger Verbesserung vu bal 4 Sekonnen. Déi 4 Sekonne sinn den Owend zu Tokyo nees verluer gaangen, trotz enger Course wou de 29-Joer-ale Lëtzebuerger nees un seng Limite gaangen ass.

Dat war déi lescht Performance vun engem Lëtzebuerger bei Olympia dëst Joer. No der Enttäuschung vum Bob Bertemes an der Qualifikatioun am Bommstousse konnt de Charel Grethen e grousse Schlusspunkt op d'Participatioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun vun 12 Fraen a Männer setzen. Muer Sonnden ass d'Ofschloss-Zeremonie. Do wäert de Bob Bertemes de Fändel droen.