Radioen

On air

Tockcity  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charel Grethen qualifizéiert sech fir Olympia-Final

Olympesch Spiller

Charel Grethen qualifizéiert sech fir Olympia-Final

De Lëtzebuerger Liichtathlet Charel Grethen steet bei den olympesche Spiller zu Tokyo an der Final vun den 1.500 Meter.

auto_stories

1 min

Hien huet an der Halleffinall seng perséinlech Beschtzäit ëm bal véier Sekonne verbessert an en neien nationale Rekord opgestallt. Mat 3 Minutten, 32 Sekonnen a 86 Honnertstel ass hie siwente vun 13 a senger Halleffinall ginn.

"Einfach verréckt, ech kann et selwer net gleewen", esou eng éischt Reaktioun vum Charel Grethen no senger Course. Hie géif einfach gesinn, zu wat hie capabel wier, wann hie eng Saison ouni Verletzung trainéiere kéint.

"Ech sinn einfach heihi komm, also Halleffinall wier scho mega gewiescht, lo sinn ech einfach an déi Halleffinall gaangen, ech hu mech einfach getraut. Ech hunn einfach Gas ginn, ech hunn eigentlech och gehofft, hoffentlech gëtt et bësse méi eng taktesch, well ech weess net ob ech richteg schnell kann do matlafen. Mee no 800 900 hunn ech scho gemierkt, ech hu mech super gespuert an ech hu gemierkt datt do vill dra war. Mee dat do hätt ech net geduecht."

D'Final am 1.500-Meter-Laf vun den Hären ass e Samschdeg um 13:40 Lëtzebuerger Zäit.