De Charel Schmit ass gedeelter Meenung iwwer déi nei Statuten, déi um CSV-Kongress sollen ugeholl ginn. Engersäits géingen déi nei Parteistatuten eng Rei Fortschrëtter bréngen, zum Beispill wann et em d'Abanne vun de Membere geet. Et soll deemno op alle Niveaue méiglech ginn, seng Meenung zu politeschen Themen anzebréngen. "Dat ass e Fortschrëtt", mengt de fréiere President vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend.
Positiv wier och, datt e parteiinterne Mediateur soll agefouert ginn, dee ka vermëttele wann et e Konflikt gëtt. Mee, déi nei Statute géingen och d'Muecht vun der Parteispëtzt verstäerken. Zum Beispill soll an Zukunft de Parteipresident e Spëtzekandidat proposéieren, amplaz datt d'Parteimemberen e Kandidat kënne wielen. Dobäi wier d'Wahl vun engem Spëtzekandidat e wichtege Prozess, deen net "an der Dunkelkammer dierft geschéien".
Angscht viru Sträit
"Wann et de Privileg vum Parteipresident ass, e Kandidat erauszesichen am Kader vun enger Sondéierungsmissioun, da fléissen do just d'Iddie vum klenge Krees vun der Parteispëtzt mat an", bedauert de Charel Schmit. Dat wier net gutt fir d'Diskussiounskultur an der Partei. Seng Erklärung fir déi Entscheedung: et géif eng Angscht viru Sträit an der CSV ginn, am Fall wou et méi Iddie fir e gëeegente Kandidat géife ginn. Et wieren awer grad demokratesch an transparent Prozesser an der Partei néideg.
Datt net méi Courage fir eng Erneierung am Kader vun der Statutereform gespillt huet, géing och un der aktueller politescher Stëmmung leien, mengt den Ex-CSJ-President. D'CSV hätt gutt Sondagewäerter an och d'Resultat vum Referendum hätt dozou bäigedroen. "Den Drock vun der ëffentlecher Meenung, fir selbstkritesch ze sinn ass net méi do", seet de Charel Schmit. De fréieren CSJ-President freet sech mat senge Parteifrënn, datt CSV a leschter Zäit u Popularitéit gewonnen huet. Hie seet awer gläichzäiteg, d'Partei misst genee deen Zousproch notze fir nei Weeër ze goen.
Lauschtert de Bäitrag vum Rick Mertens: