Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charles Margue: Jugendlecher gehéieren net virun en Erwuessenegeriicht

Ännerungen um Jugendstrofrecht

Charles Margue: Jugendlecher gehéieren net virun en Erwuessenegeriicht

"Bal net méi auszehalen" wier et, datt jonk Leit vu 16 a 17 Joer, déi stroffälleg ginn, hei zu Lëtzebuerg virun en Erwuessenegeriicht gestallt ginn, sou de gréngen Deputéierte Charles Margue. Hien huet domat eng Kritik opgegraff, déi viru kuerzem och vum UNO-Comité vun de Kannerrechter gemaach ginn ass. Déi Dispositioun misst am Jugendstrofrecht onbedéngt geännert ginn, sou de President vun der Justiz-Kommissioun an der Chamber.

auto_stories

2 min

En neit Jugendstrofgesetz ass jo och an der Maach, grad ewéi en nei Jugendschutzgesetz. Anescht wéi bei engem éischten Ulaf gëtt elo eng kloer Trennung tëscht deenen zwee Volete gemaach, seet de Charles Margue.

Hien hofft a geet dovun aus, datt bis Enn dës Joers éischt Proposë virleien. De Justiz- an den Educatiounsministère géifen op allefall an där selwechter Vitess doru schaffen.

Den Text iwwer d'Jugendstrofgesetz an deen iwwer d'Jugendschutzgesetz géifen zwar zwee eenzel Texter bleiwen, mee se géifen an där "selwechter Philosophie, an deem selwechte Gedanken" geschriwwe ginn, sou de Charles Margue. Déi zentral Fro wier "wéi gi mer mat Jonken ëm, déi schutzbedürfteg sinn oder déi eng fléie gelooss hunn?".

Neit gesetzlecht Initiativrecht an net Neierunge bei Enquêtekommissiounen

E gesetzlecht Initiativrecht fir gewéinlech Bierger an nei Bestëmmunge fir d'Asetze vun enger parlamentarescher Enquête-Kommissioun: dat sollen zwou grouss Neierungen am Verfassungs-Kapitel iwwer d'Chamber ginn. De gréngen Deputéierte Charles Margue wäert de Mëtteg den deementspriechende Reformvirschlag an der Chamber deposéieren. An Zukunft solle 25 Wieler eng Propositioun fir e Gesetz kënnen erareeche, wa se 12.500 Bierger fannen, déi dat Uleies mat hirer Ënnerschrëft ënnerstëtzen. An eng Enquête-Kommissioun wäert ëmmer da mussen agesat ginn, wann 20 Deputéierter dat froen. Dat géif viraussetzen, datt an esou Kommissiounen net just en Instrument gesi gëtt, fir politesch Rechnungen ze begläichen, sou de Charles Margue.

"Mir sollen erauskommen aus där revanchistescher Enquête-Kommissiouns-Logik, wou et just ëm Käpp geet. Mir hunn z.B. déi däitsch Wirecard-Kommissioun analyséiert am Bundestag. Mir wäerten eis vill dorunner inspiréieren fir d'Gesetzgebung iwwer d'Enquête-Kommissioun an deem Sënn ze präziséieren. "