Radioen

On air

Notturno  |  Vulfpeck - Dean Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ China gëtt den Tempo vir

Automobilindustrie

China gëtt den Tempo vir

Nom Dieselgate-Skandal bréngt China elo um politeschen Niveau Bewegung an d'Branche. Dee gréissten Auto-Produzent wëll bei der Transitioun zum Elektro-Auto der auslännescher Konkurrenz den Tempo uginn.

auto_stories

2 min

Jean-Paul Hoffmann

Leschte Sonndeg huet ee chinesesche Minister ëffentlech gefrot, ob d'Land vun 2040 un iwwerhaapt nach nei Verbrennungsmotore géing zouloossen. Wa Beijing schwätzt, da lauschtert d'Branche. A si huet direkt registréiert, datt si elo méi onrouegen Zäiten entgéingt geet.

China ass zentral gesteiert, a mécht meeschtens ouni weider grouss Diskussiounen dat wat ugekënnegt gouf. China ass ausserdeem de weltwäit gréissten Auto-Produzent. An d'Land mécht ganz eleng een Drëttel vum globalen Automarché aus.

Wat China dreift, dat ass de politeschen Drock vu bannen. Loftqualitéit ass e penibelt Thema wou d'Partei an der Defensiv ass. Wat och dreift, sinn industriell a politesch Ambitiounen. China gesäit hei eng Méiglechkeet, global Jalonen ze setzen, national Championen opzebauen a bei den Aktioune géingt de Klimawandel politesch d'Initiativ ze huelen. A fir wirtschaftlech bei der Transitioun zum Elektro-Auto der auslännescher Konkurrenz den Tempo virzeginn. Déi Konkurrenz ass elo gefuerdert.

Politesch Richtlinnen?

Bei Situatioune wéi dëser, wou Ëmwelt-Politik a Wirtschafts-Politik musse mateneen eens ginn, dauert et meeschtens méi laang bis d'Politik sech traut, de richtegen Ustouss an déi richteg Direktioun ze ginn. Mä et koum an deem Beräich bis elo nach näischt, wat glafwierdeg kuerz-oder mëttelfristeg politesch Virgabe fir Alternative gesat hätt. Oder e glafwierdegen Zäitraum fir hir Aféierung.

Et koumen e puer politesch Signaler. Déi waren awer éischter zaghaft. Frankräich a Groussbritannien hunn haart driwwer nogeduecht, fir no 2040 keng Verbrennungsmotore méi am Stroosseverkéier zouzeloossen. Am Summer, an der Hëtzt, hunn eenzel Stied den Diesel am Alldagsverkéier limitéiert.

Déi chinesesch Reaktioun entléisst allerdéngs d'Politiker vun de westlechen Auto-Natiounen quasi aus der Verantwortung, fir d'Initiative z'ergräifen. Déi Initiative ass elo geholl.

Réckbléck op den Dieselgate

Den Dieselgate ass duerch eng kleng Software entstanen, déi d'Ofgaswäerter am Test besser ausgesi gelooss huet, wéi am wierkleche Liewen op der Strooss. Fir t'éischt war ee Konstrukteur vum Skandal betraff. An duerno, am Verlaf vun de Revelatiounen, stoungen op eemol grouss Deeler vun der Autos-Branche ënner Generalverdacht.

Zanterhier koume vill "mea culpaen" vun der Automobil-Industrie, een Diesel-Sommet an "déclarations d'intention" vun de Konstrukteuren. D'Konzerner wëllen all méiglechst séier op Distanz zum penibele Skandal goen a sech als esou nohalteg wéi méiglech presentéieren. Déi eng denken Hybrid, déi aner zweiwelen drun, datt si iwwerhaapt an Zukunft nach wëllen Dieselmotore verbauen. Anerer nees wëlle vun 2019 un nëmme mat hybriden oder Elektro-Motore schaffen.