Zanter zwee Joer hunn d'Schüler am Stater Kolléisch d'Méiglechkeet Chinesesch ze léieren. Schüler, déi op dee Wee ginn, fänken op 6e mam Chineseschen un. Grad wéi déi, déi Latäi léieren, hu si Englesch dann eréischt vu 5e un. Iwwer zwee Joergäng gekuckt hu bal 60 Schüler sech fir des Méiglechkeet decidéiert.
Dëst Joer hätte sech 36 Kanner op 6e ageschriwwen an 23 Kanner sinn op 5e fir dëse Sproochecours ageschriwwen, seet de Gilles Baum (DP), President vun der Chamberkommissioun fir d'Educatioun.
Ze fréi fir e Bilan ze zéien
Den Deputéierten ënnersträicht awer, datt et no zwee Joer nach ze fréi wier fir e Bilan ze zéien. Et misst een elo kucken, wéi sech dës Zuelen am reguläre Cours am Kolléisch weiderentwéckelen, a "wéi vill vun deene Schüler, déi elo op 6e a 5e sinn, dat dote weidermaachen, bis se dann och kënnen en Ofschloss op enger Première maachen".
Nieft de Chineseschcoursen am Kolléisch, déi an de regulären Unterrecht integréiert sinn, bidden eng Rei aner Lycéeë Chinesesch vun 3e fir zwou oder dräi Stonnen an der Woch als Optiounsfach un. Bis elo hu 47 Schüler uechter d'Land dës Optioun gewielt
Detailer mam Rick Mertens: