Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chrëschtdag a Verzicht

Wirtschaftskronik

Chrëschtdag a Verzicht

Chrëschtdag ass laanscht, an domat och déi gëlle Joreszäit vum Handel. Vill Branchë maachen am Dezember bal e Véierel vun hirem Joresëmsaz. Dee Konsum ass net gesond, weder fir d'Ëmwelt nach fir d'Aarbechtsbedéngunge vu ville Leit.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

D'Feierdeeg um Schluss vum Joer solle jo "besënnlech" sinn. Famillen a Frënn kommen zesummen, et kuckt een op d'Joer zréck an appreciéiert, wat een huet. Wat een huet - op d'mannst vun engem materielle Standpunkt aus gesinn - ass no Chrëschtdag allerdéngs a ville Fäll e gutt Stéck méi wéi virdrun. Ëm Chrëschtdag klëmmt de Konsum vun all Eenzelem enorm un. Dat kann ee positiv gesinn, zum Beispill datt an eng lokal Ekonomie wéi e Chrëschtmaart investéiert gëtt. Bei eisen däitschen Nopere gëtt de Joresëmsaz vun de ronn 5.000 Mäert op fënnef Milliarden Euro geschat. Op den éischte Bléck kléngt dat jo mol gutt.

Iwwerméissege Liewensmëttelkonsum schiedlech fir d'Ëmwelt

Mä och wann et Chrëschtmäert ginn, déi vill Wäert dropleeën, datt Gromperekichelchen, Grillwurscht, a Glühwäin aus regionaler Produktioun kommen, op de Gros trëfft dat net zou. Op de Rescht vum Iessen, dat iwwert d'Feierdeeg op den Dësch kënnt, trëfft dat och net zou. Enn Dezember kuerbele mir déi global Zouliwwerindustrie vun Iesswueren nach eng Kéier sou richteg un, maachen der Ëmwelt, an doduerch och eis selwer, keng Freed.

Dëse Commentaire huet net wëlles, d'Feierdeeg - egal vu wéi enger Relioun - ze verdäiwelen. D'Fro ass awer, op d'Feierdeeg, wéi mir se haut feieren, symptomatesch fir eisen alldeegleche Konsum sinn a mir dowéinst vu Grond op eppes mussen änneren; oder awer op mir d'Feierdeeg als Beispill kënnen huelen, wéi mir de Konsum op speziellen Occasioune kënnen op ee méi gesonden Niveau reduzéieren.

Ze vill Konsum verschlechtert Aarbechtskonditiounen

De Konsum vu Liewensmëttel iwwer d'Feierdeeg ass jo just een Aspekt. Aner Branchë profitéiere vum Dezember nach vill méi. An Däitschland zum Beispill setzen d'Spillsaachen-, d'Aueren- an d'Bijousbranchë ganzer 25 Prozent vun hirem Joresëmsaz eleng an de leschte véier Wochen ëm, bei Kleeder, Parfümerie an Hygienesproduite sinn et 20 Prozent. An och wann een dat vläicht net wëllt akzeptéieren, déi Statistik seet méi iwwert de Konsum ëm Chrëschtdag aus, wéi iwwert d'hygienescht Verhale vun den Däitschen tëscht Januar a November.

Datt esou vill Branchë vum Chrëschtgeschäft profitéieren, bréngt awer e weideren, a fir déi Betraffen nach méi direkte Problem mat sech. War et virun e puer Joerzéngten nach d'Ausnam, datt ee samschdes virun Hellegowend lescht Kommissioune konnt maachen, ass et haut d'Reegel. An den europäesche Groussstied sinn d'Butteker am Dezember all Sonndeg op, an och Lëtzebuerg zitt an där Hisiicht monter no. Et féiert dozou, datt ëmmer méi Leit Weekends, spéit owes, an am Extremfall och op Feierdeeg musse schaffen.

Och dat ass net en Ligne mat der aktueller Richtung, an déi sech d'Aarbechtswelt beweegt, oder op d'mannst wëllt beweegen. Manner Schaffen, dofir méi effizient, méi Fräizäit, 35-Stonne-Woch a sou weider.

Dat aktuellt Konsumverhale vum Weste bréngt fir Mënsch an Natur net vill Positives mat sech. Wa mir dat wëllen änneren, wa mir méi gesond wëlle consomméieren an och d'Realitéit vun der Aarbechtswelt virun Aen halen - da musse mir do usetzen, wou eise Konsum am perversten ass: nämlech bei de Feierdeeg.