Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Parker - Executive Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu gutt zesumme geschafft"

Coque

"Mir hu gutt zesumme geschafft"

D'Onstëmmegkeeten tëschent der Coque an de Sportfederatioune sinn aus der Welt geschaaft. Dat seet den neien Direkter vun der Coque, de Christian Jung. Hie gëtt zou, datt verschidde Kritiken awer berechtegt waren.

auto_stories

2 min

De Christian Jung ass zanter dräi Méint den neien Direkter vun der Coque.

Eng Rei Federatiounen haten d'Coque d'lescht Joer kritiséiert, well veschidde Servicer wéi zum Beispill de Catering, ze héich fakturéiert wären. De Coque-Direkter Christian Jung seet am 100,7-Interview, déi Kritike wieren deelweis berechtegt gewiescht.

Eng Onlineplattform fir d'Federatiounen

D'Zesummenaarbecht mat de Federatiounen hätt sech awer mëttlerweil verbessert. Zum Beispill wier eng Onlineplattform geschaaft ginn, op där d'Federatiounen sech iwwer d'Servicer vun der Coque kënnen informéieren. Op dëser Plattform kéinten all d'Utilisateure vun de Federatiounen zeréckgräifen, déi dës Informatioune brauchen.

"Domat hu mir e grousse Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach, fir d'Kommunikatioun ze verbesseren", seet hien. De Christian Jung seet, datt et him wichteg wier, fir de Kontakt mat de Sportfederatiounen an Zukunft weider ze verbesseren an ze intensivéieren.

Catering: Coque mécht kee Gewënn dorop

D'Kritik, datt de Catering, deen d'Coque offréiert, ze deier wier, wier och aus der Welt geschaaft ginn, esou de Christian Jung. "Mir hunn de Federatiounen awer erkläert, datt mir eis Akafspräisser eent zu eent weiderginn, ouni e Gewënn dropzeschloen. Nodeems mir déi Diskussioun gefouert haten, gouf dat och esou akzeptéiert."

Dat géif awer net heeschen, datt een an Zukunft verschidde Saache kéint adaptéieren, esou den neien Direkter vun der Coque.

Trainingszenter: Aarbechte lafen dem Plang no

Mëtt Abrëll soll an der Coque um Kierchbierg en neien Trainingszenter fir Héichleeschtungssportler opgoen. D'Aarbecht doru géif gutt lafen, seet de Christian Jung. "Mir hunn am Juni d'lescht Joer ugefaangen. Deemools hate mir eis d'Zil gesat, Mëtt Abrëll prett ze sinn, an am Moment gesäit dat ganz gutt aus. D'Aarbechte lafen esou no Plang wéi geduecht, dofir denken ech, datt mir Mëtt Abrëll kennen do opmaachen." Eent vun den Ziler wier et, datt Athlete sech fir d'Olympiad vun 2020 an der Coque kënne preparéieren.