Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christiane Brassel-Rausch soll nei Buergermeeschtesch ginn

Déifferdeng

Christiane Brassel-Rausch soll nei Buergermeeschtesch ginn

Zu Déifferdeng soll d'Christiane Brassel-Rausch vun déi Gréng nei Buergermeeschtesch ginn. Si soll d'Successioun vum Roberto Traversini no deem senger Demissioun iwwerhuelen.

auto_stories

1 min

Dat hunn déi Gréng zu Déifferdeng gëschter eestëmmeg decidéiert. Weider gouf festgehal: Den aktuelle Conseiller Paulo Aguiar soll an de Schäfferot noréckelen fir d'Laura Pregno (béi déi Gréng) während hirem Congé parental ze ersetzen.

Dës Ännerunge musse nach vum Gemengerot confirméiert ginn. De gréngen hire Koalitiounspartner zu Déifferdeng, d'CSV, wier awer gewëllt, d'Kollaboratioun mat de neie Mandatairë weider ze féieren an de Koalitiounsprogramm vu bis elo ze finaliséieren, sou déi Gréng an engem Communiqué.

De Roberto Traversini hätt an Tëschenzäit och vu sengem Posten als Verwaltungsrot-President vun der Beschäftegungsinitiative CIGL demissionéiert, dat schreift d'Wort. De Parquet hat d'leschte Freideg matgedeelt, datt eng Enquête géint de Roberto Traversini an Onbekannt opgemaach gouf, ënner anerem wéinst dem Verdacht vu Verontreiung vun ëffentleche Suen.