“Circle Economy” Léisung fir Klimawandel a Biodiversitéitsverloscht ze stoppen?

“Bankrupting Nature- Denying our Planetary Boundaries” ass den Tittel vum Buch wat de Anders Wijkmann, ënner anerem Vize-President vum renomméierte Club of Rome, zesumme mam John Rockström geschriwwen huet. Heiranner beschreift de schwedesche Politiker net nëmme firwat datt mir mat eisem aktuelle Wirtschaftsmodell, deen op Wuesstem baséiert, demnächst voll an d‘Mauer knuppen, mee hien zeechent virun allem intressant Alternativen op. Hien ass sech wuel bewosst, datt Décroissance net einfach esou funktionéiert, wëll se an d’Massenaabechtslosegkeet féiert, an domadder de soziale Fridden a Gefor bréngt. Fir hien ass et wichteg a Richtung “Circle Economy” ze goen, wat net heesche wëll, datt mir wéi am Mëttelalter musse liewen. Esou géing et zum Beispill duer goen, wa jiddereen säin Handy ee Joer méi laang hält fir dat dee Secteur de Verbrauch vu Matière Première ëm d‘Halschent reduzéiere kéint. An dann ass et un der Zäit fir Verhalenspsychologen z’engagéieren, wëll Mënschen hiert Verhalen net änneren, nëmme wëll se mat Fakten bombardéiert ginn. Mee virun allem musse mer mat enger fundamentaler Steierreform ufänken, am Kader vun der d’Aarbecht guer net méi besteiert géing ginn.  D’Caritas hat den Anders Wijkman de 26te Mäerz fir eng Konferenz op Lëtzebuerg invitéiert, a bei där Geleeënheet huet d’Marie-Paule Fischbach sech mat him ënnerhalen:

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen