Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement méi wichteg wéi d'Burka

Gemengewahlen 2017

Logement méi wichteg wéi d'Burka

Déi chrëschtlech-sozial Gemengeréit fuerdere Quote fir de soziale Wunnengsbau an de Gemengen. De CSG-President Claude Clemes hält "massiv" ëffentlech Ënnerstëtzung am Logement fir néideg.

auto_stories

2 min

D'Gemengepolitik hätt sech an de leschte Joren inhaltlech staark verännert, mengt den Affekot a Monnerecher Gemengeconseiller. Fréier hätten aner Themen de Wahlkampf dominéiert. De Claude Clemes nennt kleng Infrastrukturaarbechten als Beispill, wéi Trottoiren, Stroossen a Spillplazen. Haut géifen och déi grouss national Themen eng Roll spillen a ganz besonnesch de Wunnengsbau.

Angscht virun ëmmer méi héije Logementspräisser

"D'Leit schwätzen eis net dobaussen un, ob mir fir oder géint ee Burka-Verbuet sinn. Et ass éischter dat Dagdeeglecht - Wunnen, Liewen - dat de Leit wichteg ass." D'Leit hätten Zukunftsängschten, well d'Logementspräisser an och d'Liewenskäschten allgemeng ëmmer weider klammen.

Um Kongress vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit de 6. Februar wier doriwwer geschwat ginn, datt ee vun nationaler Hëllef misst profitéieren, fir an alle Gemengen Quote fir soziale Wunnengsbau anzeféieren: "Well soss kréie mer déi Saach net an de Grëff." Locatioun an den Accès zur Proprietéit misse massiv ënnerstëtzt ginn, fir d'"Spiral kënnen ufänken ze briechen".

Um CSG-Kongress gouf och eng Resolutioun eestëmmeg ugeholl, fir Quote fir Flüchtlingen an de Gemengen anzeféieren. Dem Claude Clemes no hätt d'CSV kee Problem domadder, déi Quote virun de Gemengewahlen anzesetzen. Hie schléisst net aus, datt d'Regierung hir Meenung dozou nach ännert.

Deputéiert am Gemengewahlkampf

Trotz dem Opruff vum Parteipresident Marc Spautz ginn op d'mannst véier CSV-Deputéiert am Oktober sécher net mat an d'Wahlen. Et misst ee respektéieren, wann Deputéiert decidéieren net mat an d'Gemengewahlen ze goen, mengt de Claude Clemes.

Zum Beispill géif d'Martine Hansen immens vill schaffen a si hätt ee Kand: "Wann déi Fra seet, ech konzentréiere mech léiwer op meng parlamentaresch Aarbecht, dann ass dat ze respektéieren." Domadder géif si net dem Parteipresident an de Réck falen.

Cumul vu Mandater

Den Ament géif et nach keng Trennung tëscht Gemengen- a Chambermandater ginn, dowéinst ass et dem Claude Clemes no och kee Problem, wann Deputéiert opgefuerdert ginn, mat an d'Gemengewahlen ze goen.

Datt de Marc Spautz zu Schëffleng wéilt kandidéieren, mee net als Spëtzekandidat, géif den CSV-President "éieren", esou de Claude Clemes. Domadder géif een de Leit de Virtrëtt loossen, déi an der Gemengepolitik eppes schaffe géifen. Iwwerdeems géifen an engem klenge Land déi lokal an déi national Politik "anenaner fléissen".

Allgemeng wier et haut manner einfach, fir genuch Kandidaten ze fannen, déi mat an d'Gemengewahle wéilte goen. Fréier hätt ee sech geéiert gefillt, wann ee gefrot gi wier, fir mat op d'Lëscht. Mee elo hätte vill Leit "aner Prioritéiten".