Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Appell vun de Spideeler héieren

Invité vum Dag

Claude Meisch: Appell vun de Spideeler héieren

D'Regierung hätt den Appell vun de Spideeler héieren, esou de Minister. Et war d'Reaktioun op eng Ausso, déi den Dokter Claude Schummer, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, gëschter (Sonndeg) an eiser Emissioun Riicht eraus gemaach hat. Hien hat drop higewisen, datt et kéint enk ginn, wa vill vu senge Mataarbechter vun hirem Recht géife Gebrauch maachen, Congé pour raisons familiales ze huelen, fir hir (schoulfräi) Kanner doheem ze versuergen. Hien hat dofir gefrot, fir Kanner vu Fleege- a medezineschem Personal awer iergend en Accueil ze organiséieren.

auto_stories

3 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch

Mëttlerweil ginn et siwen Zenteren am Land fir d'Kanner vun Elteren aus dem Fleegesecteur ze versuergen, esou de Claude Meisch. De Claude Schummer, Generaldirekter vun de Spideeler vum Grupp HRS, hat gëschter um 100.7 gesot, d'Spidolswiesen wier an enger schwiereger Situatioun, well vun haut u keng Schoul ass. Vill Mataarbechter aus dem Spidolssecteur misste sech de Congé pour raisons familiales huelen, well si keng Léisung hätte fir hir Kanner wärend hirer Schaffzäit ze versuergen.

"Mir hunn net gesot: All Struktur geet elo erëm op. Mee punktuell an all Regioun vum Land si Strukturen opgaangen, fir deem dote Phenomeen kënnen entgéint ze wierken. Dat weist wéi reaktiv mir kënne sinn, a wéi reaktiv mir am Moment och sinn. An där dote Froen, do solle mer eis näischt virmaachen, där wäerte sech nach an den nächsten Deeg, an den nächsten zwou, dräi Woche stellen, an och do musse mir flexibel Léisunge fannen."

Wann et sanitär Grënn gi fir d'Fermeture vun de Schoulen ze verlängeren, da wäerte mir dës Phas verlängeren, esou den Educatiounsminister de Moien op der Antenn vum 100,7. Dat misst d'nächst Woch mat der Santé nei evaluéiert ginn.

Zil ass fir d'Schouljoer de 15. Juli ofzeschléissen

Vun haut u bleiwen d'Schoulen zou. Op d'mannst emol zwou Woche laang. Duerno muss ee gesinn. Et wier awer keng Vakanz, ënnersträicht den Educatiounsminister ëmmer erëm. An där Zäit soll d'Schoul online virugoen. Dat ass ganz séier decidéiert ginn, well et huet missen decidéiert ginn. Mee sinn all d'Froe gekläert? De Claude Meisch ass zouversiichtlech.

"Eist Zil ass et, datt mir de 15. Juli dëst Schouljoer kënnen ofschléissen, fir de September nees prett ze si fir dat neit Joer", sou den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) am 100,7-Interview. De Minister seet, hie géif den Hutt zéie virum Engagement vun den Enseignanten. Hie wéilt, datt deen Engagement dobausse géif zur Kenntnis geholl ginn.

"Mir hunn d'Chance, datt mir, wat d'Digitaliséierung vun eisem Unterrecht ubelaangt, net bei null ufänken, datt villes en Place ass, wat sécherlech elo vill méi breet wäert genotzt ginn an dëser Noutsituatioun."

Schüler solle virun allem widderhuelen a verschidden Aufgaben eleng maachen

Den Educatiounsminister Claude Meisch freet sech iwwer eng (wéi hie sot) grouss Dynamik vun alle Partner am Schoulsecteur, elo wou et drëm geet d'Zäit mat Online-Coursen ze iwwerbrécken. D'Approche wier am Fondamental eng aner wéi an de Lycéeën, besonnesch fir ze verhënneren, datt kleng Kanner penaliséiert ginn, no deenen doheem manner gekuckt gëtt (oder gekuckt ka ginn).

Et géif dobäi an éischter Linn ëm Repetitioun goen an ëm Aarbechten an Aufgaben, déi d'Schüler selwer an Autonomie vun doheem aus kënne maachen. "Am Secondaire erwaarde mir eigentlech, datt de Schüler dat selwer ka maachen, an datt en déi Outile mëttlerweil schonn developpéiert huet, fir eegestänneg kënnen ze schaffen", sou de Claude Meisch.