Radioen

On air

De Weekend  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Net ausgeschloss, datt d'Chrëschtvakanz verlängert gëtt

Educatioun

Claude Meisch: Net ausgeschloss, datt d'Chrëschtvakanz verlängert gëtt

De Claude Meisch schléisst net aus, datt d'Chrëschtvakanz kéint verlängert ginn. Dat sot den Educatiounsministère op enger ëffentlecher Froestonn iwwer d'Schoul a Corona-Zäiten de Mëttwoch. D'Decisioun géif vun der Evolutioun vun de Coronavirus-Infektiounen ofhänken, esou de Claude Meisch ouni Detailer ze nennen. Och net ausschléisse kann de Minister, datt all Schüler an Enseignanten nach eemol no der Vakanz getest solle ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Et géif Sënn maachen, datt all Schüler an all Enseignant sech nach eemol testen géife loossen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Dat fir d'Rentrée am Januar sécher unzefänken a Quarantänen ze evitéieren.

"A wa mir méi sécher wieren, datt kee mam Virus an d'Schoul géif kommen déi éischt Woch, da bräichte mir och net am Ufank vum nächste Joer Quarantänen ze huelen, Isolementer vu Klassen huelen, a mir kéinten eis méi op dat essentiellt konzentréieren, nämlech Schoul halen."

Eng Rei Froe koumen och eran iwwer den Oflaf vum Premièresexamen. De Claude Meisch wéilt och nächst Joer keng Covid-Première hunn. Allerdéngs wier et dem Educatiounsminister bis Enn Wanter nach ze fréi fir Detailer iwwer méiglech Adaptatioune beim Premièresexamen ze ginn.

Wat d'Chrëschtvakanz ugeet, géif de Minister sech den Ament nach Gedanke maachen, ob déi eventuell kéint verlängert ginn oder net.

"Dir spiert richteg, datt ech elo net kann drop äntweren, mee datt dat do eng vun de Méigleche Reaktiounen wier, an datt ech näischt kann ausschléissen. Wichteg ass, datt mir Schrëtt fir Schrëtt virginn. Mir hunn eng detailléiert Analys gemaach virum Summer, nom Summer, an dat wäerte mir och elo maachen. Op Basis dovunner solle mir dann eng Decisioun huelen."

D'Fro géif sech dem Claude Meisch no dann och stellen, wéini d'Enseignantë solle geimpft ginn.