Duerch eng méi kuerz Isolatioun kéint verhënnert ginn, datt et a liewenswichtege Secteuren zu personellen Enkpäss kennt, esou de Lëtzebuerger Virolog. Déi aktuell Isolatiounsdauer vun zéng Deeg hält hien an der aktueller Situatioun fir "relativ laang".
Et kéint een nämlech dovun ausgoen, datt déi nei Omikron-Variant, an der Reegel manner laang ustiechend ass ewéi viregt Varianten. An och d'Impfung géif hei hëllefen: dräifach Geimpfter hätte sécher "méi ee gënschtege" Verlaf vun der Viruslaascht wéi Leit, déi guer net "oder suboptimal" geimpft sinn, esou de Claude P. Muller.
Leit mat Booster: mat Schnelltest aus der Isolatioun
A Secteuren, wou vill Leit dräi mol geimpft sinn, kéint een d'Isolatioun also duerchaus verkierzen, wann dat néideg ass, mengt de Claude Muller. Esou kéint een zum Beispill dem Gesondheetspersonal d'Méiglechkeet ginn, sech mat engem Schnelltest aus der Isolatioun fräizetesten.
Vum Gebrauch vu PCR-Tester reit hien hei éischter of: déi wieren nämlech esou empfindlech, datt se och dann nach kënne positiv ausschloen, wann ee scho laang net méi ustiechend ass:
"Wann een dat mat Schnelltester mécht, déi manner empfindlech sinn, ass de Risiko sécher manner grouss, datt een ze vill Leit an der Isolatioun behält."
De Claude Muller wëllt sech iwwerdeems net festleeën, ëm wéi vill Deeg een d'Isolatioun hei am Land kéint reduzéieren. Dat géif nämlech dovun ofhänken, wéi staark d'Populatioun immuniséiert ass, an dozou hätt hie keng prezis Donnéeën.