Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een organesche Schued, deen ni ewech geet"

Fondation Austisme

"Een organesche Schued, deen ni ewech geet"

E puer dausend Leit sinn zu Lëtzebuerg vun Autismus betraff. Et gëtt awer net genauch adaptéiert Ënnerstëtzung a Struktutre fir si. Dofir hunn Eltere virun 20 Joer d'"Fondation Autisme" gegrënnt.

Mick Entringer / ys

auto_stories

2 min

Ee vun 150 ass vun Autismus betraff, esou d’Schätzung vu "Autism Europe". Vill vun hinne sinn net diagnostizéiert, seet de Claude Schmit. Fir de President vun der "Fondation Autisme" ass et wichteg, datt dat esou fréi wéi méiglech geschitt. Dofir bidd d’Fondatioun och Formatioune fir Professioneller un.

Net mat Medikamenter ze behandelen

Déi meescht vun de Betraffene leiden ënnert enger méi liichter Versioun vun der Entwécklungsstéierung. Autismus wär net sou gutt erfuerscht, wéi aner Krankheeten oder Handicappen. Et géif een dovun ausgoen, datt d'Ursaachen an der Genetik leien. Et géif awer nach keng wëssenschaftlech Beweiser dofir. "Mir wëssen, datt déi Leit anescht reagéieren. Mir wëssen, datt et een organesche Schued am Gehir ass, deen am Prinzip vu Gebuert aus kënnt, an deen ni ewech geet. An et gëtt och keng Medikamenter fir dat ze behandelen," erkläert de President vun der Fondatioun.

Fir déi ganz schwéier Autismus-Fäll géing et zu Lëtzebuerg wéineg adaptéiert Strukturen an Ënnerstëtzung ginn. Virun 20 Joer wären dës Leit am CHNP ënnerkomm, wou probéiert gouf, d'Krankheet mat Medikamenter ze behandelen, sou de Claude Schmit. Ënner anerem dowéinst hu betraffen Elteren d’"Fondation Autisme" gegrënnt.

Inclusioun, awer net ëmmer

Fir de Claude Schmit kéint bei der Inclusioun vun Autisten an der Schoul méi gemaach ginn. D'Formatioune fir Enseignante wären awer gutt besicht. Bei vereenzelte Fäll wär Inclusioun allerdéngs net wënschenswäert, seet de President vun der "Fondation Autisme": "Bei ganz schwéier handicapéierte Kanner brauche mir eng intensiv Betreiung fir si dozou ze kréien, datt si iwwerhaapt op d'Nopere kucken."

Zu Rammerech entsteet momentan eng zweet Struktur, wou ganz schwéier handicapéiert Leit kënnen ënnerkommen. Problematesch ass et, wann dës Leit keng Eltere méi hunn. D'Fondatioun huet iwwer eng Partie Leit d'Tutelle. De President hofft, datt jonk Elteren eng Kéier mam selwechte Solidaritéitsgedanken d'Aarbecht vun der Fondatioun wäerte weiderféieren.