Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Up Patriots To Arms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Automafia mat ville politesche Connections"

Dieselgate

"Automafia mat ville politesche Connections"

De gréngen EU-Deputéierte Claude Turmes huet d'Juncker-Kommissioun beschëllegt, d'Opklärungsaarbecht vum Parlament am Ofgasskandal "ganz bewosst" ze behënneren. Déi Bréisseler Exekutive wéilt Memberstaaten decken, déi sech ëm d'Homologatioun vun Autoe bekëmmeren. D'Resultater vun engem deementspriechenden Audit kéinten d'Roll vun der leschter CSV-LSAP-Regierung un den Dag leeën.

auto_stories

3 min

Claude Turmes

"Lëtzebuerg ass déi fënneft oder sechst-gréisste Plaz, wou Autoen zougelooss gi sinn", huet de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes am Gespréich mam Pierre Reyland erkläert. An zwou Woche kéim d'Enquêtëkommissioun vum Parlament, déi zënter Mäerz den "Dieselgate" beliicht, op Lëtzebuerg. De grénge Politiker ass do "membre suppléant".

An dräi bis véier Woche soll d'Regierung d'Resultater vun engem Audit iwwert d'Roll vun de Lëtzebuerger Autoritéite verëffentlechen. Den zoustännege Minister François Bausch (ee Parteikolleg vum Claude Turmes), hätt "direkt erkannt, datt do muss nogekuckt ginn, wat an deene Jore virdru war". D'Responsabilitéit hätt éischter beim deemolegen CSV-Minister Claude Wiseler (haut CSV-Fraktiounschef) geleeën.

"Juncker-Kommissioun hënnert Deputéiert ganz bewosst un hirer Aarbecht

De gréngen Europapolitiker huet d'EU-Kommissioun beschëllegt, si géif d'Membere vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun "ganz bewosst" drun hënneren, "deen eigentlech gréissten Industrieskandal a Gesondheetsskandal vun allen Zäiten opzedecken". Déi Bréisseler Exekutive géif Dokumenter zeréckhalen, déi géife noweisen, datt déi national Autoritéiten hir Aarbecht net gemaach hunn. "Dat ass net an der Rei a politesch komplett kontraproduktiv", sou de Claude Turmes.

Den zoustännegen EU-Deputéierte géifen Dokumenter virleien, deenen no d'EU-Kommissioun schonn am Wanter 2009/2010 iwwer ze héich Ofgaswäerter am Bild gewiescht wier. Tester an engem Laboratoire vun der Kommissioun an Italien hätte Wäerter bei Autoe gemooss, déi ëm dat dräi- bis zéngfacht iwwert de gesetzleche Norme louchen.

"Eng Automafia mat ganz ville Connections an d'Politik"

D'Kommissioun hätt dës Donnéeën net am Detail publizéiert, eppes wat se "net hätt solle maachen", sot de Claude Turmes. Des weidere wieren déi Memberstaaten, déi fir d'Homologatioun vun den Autoen zoustänneg sinn, net domat konfrontéiert ginn. Ganz anescht hätten déi amerikanesch Autoritéiten op den Ofgasskandal reagéiert, an dee virun allem den däitschen Autosconstructeur VW verwéckelt ass. "An Amerika ass soss näischt geschitt, wéi datt d'Autoritéiten hir Aarbecht gemaach hunn". Volkswagen wier 2014 geruff ginn.

Kommen an Zukunft an der EU méi streng Gesetzer, mat ënnert anerem Ofgas-Tester, déi der Realitéit entspriechen? "Mir mussen hei wierklech kämpfe géint e System, dee bal eppes wéi ee mafiöse System ass", sot de Claude Turmes, "eng Automafia, déi ganz vill Connections an d'Politik huet". Dës ""fuerchtbar staark Lobby" hätt "virun allem déi konservativ Parteien an Europa komplett an hirer Täsch".

Enn vun der "Dieselmania", mee "soften Iwwergang"

Fir de grénge Politiker misst d'Enn vun der "Dieselmania" an d'Weeër geleet ginn, och aus gesondheetleche Grënn. "Mir hunn eis an Europa virun 30 Joer vun der Automobilindustrie do eppes virmaache gelooss". Mussen dann zu Lëtzebuerg d'Accisen op den Diesel erop gesat ginn? "Dat ass eppes, wat op der Hand läit. D'Politik ass natierlech och d'Geschäft vun deem, wat machbar ass".

De Claude Turmes plädéiert fir "ee soften Iwwergang", (...) "well mer jo soss och géifen d'Leit a Geiselhaft huelen". Et kéint een net d'Keefer vun Dieselautoe verantwortlech maachen, "et ass eng politesch Feelentscheedung gewiescht iwwer Joren, iwwer Joerzéngten". Des weidere misst een op Alternative setzen, wéi den Elektro- oder Hybridauto, respektiv de Modell vum "Car-sharing". Um nächsten Autofestival d'nächst Joer géif dat en Thema ginn.

Op déi schwiereg Verhandlungen ëm ee Fräihandelsaccord tëschent der EU an den USA ugeschwat, huet de Claude Turmes d'Regierung opgeruff, den Ofbroch vun den Diskussioun z'ënnerstëtzen. Dee schonn ausgehandelten Accord mat Kanada (CETA), iwwert deen nach muss am EU-Parlament respektiv an den nationale Parlamenter ofgestëmmt ginn, wier scho "mausdout".