Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ben Howard - Only Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cluster: en Instrument fir Standuertpolitik

Luxinnovation

Cluster: en Instrument fir Standuertpolitik

D'Lëtzebuerger Zouliwwerer fir den Automobilsecteur wäerten ënnert enger wirtschaftlecher Ofschottung vun den USA leiden, seet de Laurent Federspiel vu Luxinnovation. Déi staatlech-privat Promotiounsagence setzt op "Cluster" fir eng strategesch Wirtschaftspolitik ze bedreiwen.

auto_stories

2 min

E Cluster ass e Verbond vu privaten an ëffentlechen Acteuren aus engem Beräich, déi dee Secteur technologesch a wirtschaftlech viru wëlle bréngen. Déi Vernetzung ass gewollt a fir e groussen Deel finanzéiert vum Staat an enger Regierung, déi strategesch Wirtschaftspolitik bedreiwe wëll.

Aacht Clustere ginn et mëttlerweil zu Lëtzebuerg. Si hunn all en engleschen Numm: "Luxembourg Automotive components Cluster", "Biohealth Cluster", "Ecoinnovatioun Cluster", "ICT Cluster" ... an neierdéngs ee fir "Creative Industries".

Fusioun mat "Luxembourg for Business"

No banne vernetzen an no baussen eng Visibilitéit ginn. Dat sinn d'Missioune vun der nationaler Agence fir Innovatioun a Recherche. Fir d'Clustere bei Luxinnovation, géing Fusioun mat der Promotiounsagence "Luxembourg for business" néi Méiglechkeete bidden an der sektorieller Prospektioun vun neie Marchéen. Am Hierscht d’lescht Joer gouf d'Promotiounsagence "Luxembourg for Business" opgeléist a vu Luxinnovation iwwerholl.

Flott nei kreativ Iddie ginn net ëmmer vun de Ekonomisten erfonnt, seet de forméierten Ingenieur. Et bräicht een och kreativ Käpp, déi sech Saachen afale loossen. Et wier gutt, fir un der Spëtzt vun innovative Betriber en Tandem vun engem Ekonomist a engem Wëssenschaftler oder Ingenieur ze hunn. "Et brauch een, dee queesch denkt, an een, dee probéiert d'Kierch am Duerf ze halen."

USA: Angscht virun Handelsbarrièren

De Lëtzebuerger Automobilsecteur wäert besonnesch betraff sinn, wann d'USA Handelsbarrièren opbauen, seet de Laurent Federspiel vu Luxinnovation. D'Lëtzebuerger Zouliwwerer fir d'Automobilindustrie beschäftegen eng 9.000 Salariéen. Lëtzebuerger Entreprisen hätte grouss Investitioune gemaach fir den amerikanesche Marché. Et kéint ee just hoffen, datt sech d'Situatioun mat den USA entspaant.