Educatioun CNEL: Positiven Avis op Stufemodell

Den nationale Schülercomité CNEL ass prinzipiell mam Stufemodell zefridden, deen e leschte Freideg vum Educatiounsminister Claude Meisch fir d'Schoulrentrée virgestallt gouf. Et wier wichteg, datt een trotz dem Coronavirus an der Schoul eng gewëssen Normalitéit schafe géif.

Isabel Scott / cz

Schoulsall

De Bäitrag vum Isabel Scott lauschteren


De President vun der CNEL Kimon Leners seet, datt d'Schüler frou wiere fir d'nächst Woch erëm kënnen an d'Schoul ze goen. De CNEL hätt och gefuerdert, datt d'Schüler erëm zesummen als ganz Klass d'Rentrée unzefänken. Datt ee sech virum 15. September op fräiwëlleger Basis teste loosse kann, géif d'Schüler rassuréieren, esou de Kimon Leners. "An elo hoffen mer, datt mer an de Schoulen kënnen am Klassesall", esou de President vum Schülercomité.

Duerch de Stufemodell kënnen ënnerschiddlech Mesuren, jee nodeems wéi d'Situatioun an der Communautéit evoluéiert, ënnerschiddlech applizéiert ginn. Et wier der CNEL wichteg, datt doduerch net allzegrouss Ënnerscheeder tëschent de Lycéeën entstinn.

"Chancëgläichheet ass fir eis e grousse Punkt gewiescht. Dofir hu mer och ofgeschwat gehat, datt mer keng Maskeflicht wärend enger Prüfungszäit, bzw. wärend der Prüfung wëllen hunn. Dat gouf esou accordéiert. Dat war eis ganz wichteg, datt wéinstens op deem Punkt ee keng Mask muss unhunn."

Et wier "e bësse" Kommunikatioun tëschent CNEL an Educatiounsministère ginn, et hätt een awer och kënne méi mateneen schwätzen, esou de President vum nationale Schülerkomité. Mee en gros wier een awer mam Plang zefridden. "Et ass net grad e schlechte Plang a mir hoffen, datt e gutt ausgeet.

Méi zum Thema

Claude Meisch
Coronavirus a Schoul

Déi meescht Jugendlech géife sech an der Famill infizéieren, seet de Claude Meisch. Famille mat Kanner géifen dofir an de Fokus vum Large-Scale-Testing réckelen. Schüler géife méi "cibléiert" getest ginn, esou den Educatiounsminister.

Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Schoulrentrée

Fir d'Schoulrentrée Mëtt September soll déi ganz Schouloffer assuréiert ginn, seet de Claude Meisch. Dat soll mat engem Stufe-Modell méiglech sinn. Déi sanitär Reegele missten agehale ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen