CNPD: "Dateschutzreegele vun Amazon si legitim"

D’Dateschutzkommissioun hält et fir legitim, dass den Online-Händler Amazon spezifesch Akafsdonnéeë vun de Clientë fir een onbegrenzten Zäitraum späichert. "Dat gehéiert zum Geschäftsmodell vun Amazon a steet esou an den Allgemenge Geschäftsbedingungen", sou den Thierry Lallemang vun der CNPD. D’Recht op Läsche vun Donnéeë wier an der aktueller EU-Direktiv an och am Lëtzebuerger Dateschutz-Gesetz net absolut. Et wier och net un der Dateschutzkommissioun fir ze beurteelen, ob eng Klausel an den Allgemenge Geschäftsbedingunge vun Amazon éierens abusiv wier. Den Interview vum Pia Oppel mam Thierry Lallemang:

 

An der däitscher Press war Kritik un der Positioun vun der Lëtzebuerger Dateschutz-Autoritéit opkomm. Zu Bréissel, beim Reseau vun den europäeschen Dateschutzorganisatioune gesäit een dat anescht: Wann den ursprénglechen Zweck, fir deen Donnéeë gesammelt goufen erfëllt ass, kéint de Notzer se prinzipiell läsche loossen, heescht et bei “European Digital Rights”. De Prinzip vun der Zweckgebonnenheet géif hei spillen, sou den Diego Naranjo vun EDRi: Wann een Amazon-Client eppes keeft, da kënne fir deen Zweck Donnéeë gesammelt ginn. Mee wann et ëm aner Zwecker geet, wéi d’Recommandatioun vu weidere Produiten, da misst de Client seng Donnéeën am Normalfall kënne läsche loossen. Wann dat géint d’Interesse vun Amazon geet, da misst d’Firma hire Geschäftsmodell ännere – an net ëmgedréint. Den Interview mam Diego Naranjo:

 

Den Thierry Lallemang huet dann och d’Decisioun vun der CNPD am Fall "Microsoft/Skype/Prism" géint d'Kritik verdeedegt, et géif een sech "am Zweiwel" fir d'Entreprisen asetzen an net fir d'Bierger. Dee Reproche hat den Éisterräicher Dateschutzaktivist Max Schrems formuléiert. Grad wéi an de Bréiwer vum 15. November 2013 an vum 29. November 2013 ass den Thierry Lallemang och haut nach der Meenung, dass et deemols net genuch Hiweiser gouf, dass den US-Geheimdéngscht NSA Accès hat op Donnéeën vun Skype-Notzer:

 

Well den Aarbechtsopwand mam neien europäeschen Dateschutzreglement an Zukunft wäert klammen, huet d’Dateschutzkommissioun iwwregens ugefrot fir an de nächste fënnef Joer zéng nei Mataarbechter ze kréien. Et misst een dann an der Praxis kucken, ob dat och duergeet, sou den Thierry Lallemang. Den Ament schaffe 16 Leit bei der CNPD.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen