Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Comité d'Initiative zouversiichtlech fir genuch Ënnerschrëften zesummen ze kréien

Verfassungsrevisioun

Comité d'Initiative zouversiichtlech fir genuch Ënnerschrëften zesummen ze kréien

De Gérard Koneczny ass zouversiichtlech, datt bis den 20. Dezember op d'mannst 25.000 Wieler op hir Gemengen ënnerschreiwe ginn, fir d'Demande no engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel vun der Verfassung z'ënnerstëtzen. Dat huet de Member vum Comité d'Initiative de Moien am 100,7-Interview gesot.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

De Gérard Koneczny hat och déi ëffentlech Petitioun lancéiert, déi e Referendum iwwert d'Verfassungsreform verlaangt huet. Dës Petitioun hate bis Hallefnuecht 18.579 Leit online ënnerschriwwen. Hie wier ganz zefridde mat deem Resultat, esou de Petitionär. "Ech hat mir déi doten ni erwaart, wou ech déi Petitioun do lancéiert hunn, do hunn ech gehofft, datt ech der 4.500 kréie fir an der Chamber eng Kéier ze schwätzen."

D'CSV, bei där de Petitionär Member ass, hat ugekënnegt, e Referendum wëllen u d'Rullen ze bréngen, wann et méi wéi 25.000 Ënnerschrëfte bei dëser Petitioun ginn: "Ech ginn dovun aus, datt d'CSV sech un hiert Wuert hält, a seet et si keng 25.000 Stëmmen, da brauche mer dat net", esou de Gérard Koneczny.