Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tensiounen iwwerwannen

Geschicht an Erënnerung

Tensiounen iwwerwannen

De President vun der Federatioun vun den Zwangsrekrutéierten hofft, dass Resistenzler, Zwangsrekrutéiert an déi jüddesch Communautéit an deem neie Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich am géigesäitege Respekt zesumme schaffen. D'Opschaffe vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich misst eng Prioritéit vum neien Institut fir Zäitgeschicht op der Uni sinn, seet den Erny Lamborelle. Well et wier nach villes opzeschaffen.

auto_stories

3 min

Eng éischte Kéier sollen déi dräi Affergruppen - Resistenzler, Zwangsrekrutéiert an déi jüddesch Communautéit – d’Erënnerungsaarbecht am Comité fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich gemeinsam organiséieren. D'Chamber hat de Comité am Juni per Gesetz geschaf. Déi 18 Membere (an zousätzlech 18 "Suppléanten") gi viraussiichtlech am September vun der Regierung genannt.

Mat dem neie Comité gëtt déi jüddesch Communautéit eng éischte Kéier an déi staatlech Beméiunge fir d'Commemoratioun opgeholl. Gläichzäiteg gëtt d'Trennung tëscht der Erënnerung un d'Resistenz an un den Zwangsrekrutement opgehuewen: Déi zwee Erënnerungscomitéen, déi et fir dës zwou Affergruppen bis ewell gouf, sinn ofgschaf ginn.

Kaum nach Zäitzeien

Et misst ee sech zesumme fir eng "modern" Vermëttlung vun der Memoire asetzen, esou den Erny Lamborelle. Dozou géif och gehéieren, dass een d'Commemoratiounen net multiplizéiert. Méi sënnvoll wier et, fir an Zukunft op enger grousser Commemoratioun op enger Plaz gemeinsam un d'Affer vum Nazi-Regime z'erënneren.

Den Erny Lamborelle hofft, dass déi dräi Affergruppen deen néidege géigesäitege Respekt kënne weisen. D’Tensiounen tëscht de Gruppen, déi an der Nokrichszäit opkoumen, misst ee kënnen iwwerwannen.

Dobäi misst ee sech bewosst sinn, dass kaum nach Zäitzeien am neie Comité wäerte sinn. Bei den Zwangsrekrutéierte wieren et der héchstens nach ee bis zwee. All déi aner, dorënner hie selwer, hätten de Krich net mat erlieft, esou den Erny Lamborelle.

Zwangsrekrutement: Fraen net vergiessen

Den Artuso-Rapport iwwer d'Kollaboratioun vun de Lëtzebuerger Autoritéiten un der Juddeverfolgung hätt gewisen, dass nach villes iwwert den Zweete Weltkrich net thematiséiert gi wier. Am Bezuch op d'Geschicht vum Zwangsrekrutement géif et och nach Froe ginn, déi missten opgeschafft ginn.

Als Beispill nennt den Erny Lamborelle d’Geschicht vun de Frae am "Arbeitsdienst". Vun hinne wier bis elo ganz wéineg geschwat ginn. 3,600 Fraen a Meedercher wieren zwangsrekrutéiert ginn - dovunner 700 bis 800 an de “Kriegsarbeitsdienst”. 51 vun hinne wieren an deem Déngscht gestuerwen.

Tambow: Responsabilitéit vun der Exil-Regierung?

Froe géifen och nach nach opstoen iwwert der Lëtzebuerger Exil Regierung hir Responsabilitéiten a Relatioun mat den Zwangsrekrutéierten, déi am russeschen Aarbechtslager zu Tambow waren.

Den Erny Lamborelle erënnert: Vun am Ganzen 11,000 Zwangsrekrutéierte wieren 3,600 Refractairen an Deserteure gewiescht. Vun den 8,000, déi nach bliwwe sinn, wieren der 3,600 un der Front ëm d’Liewe komm. A vun deenen, déi net am Krich gefall sinn, koumen der vill a russesch Krichsgefaangeschaft.

Am Lager vu Tambow waren um Enn vum Krich eng 1,000 Lëtzebuerger Krichsgefaangener. “Do ass nach ëmmer net geklärt, firwat d’Jongen net zeréck koumen a wéi grouss d’Verantwortung vun der Exil-Regierung war,” esou den Erny Lamborelle. Säi Monni wier am Juli 1945 an dem russesche Lager gestuerwen.

Institut fir Zäitgeschicht

D'Geschicht vum Zweete Weltkrich misst eng vun de Fuerschungsprioritéite vum neien Institut fir Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg sinn, fuerdert de President vun der Federatioun vun den Zwangsrekrutéierten.

En Austausch mam neien Direkter vum Institut hätt et och schonns ginn. Am Hierscht wier eng weider Reunioun geplangt. Ee Wonsch vum Erny Lamborelle wier et, ee Comité d’acccompagnement an d’Liewen ze ruffen deen derfir suergt, dass beim Institut fir Zäitgeschicht déi richteg Prioritéiten gesat ginn.

Interview Erny Lamborelleplay_arrow