"Comité fir de systemesche Risiko": EZB kritesch
D’europäesch Zentralbank huet rezent e negativen Avis iwwert déi zwee Gesetzesprojete ginn, mat deenen e "Comité du risque systémique" soll geschaf ginn. Dëse Comité soll Risiken am Ae behalen déi d’Stabilitéit vun der Finanzplaz menacéieren an ënner Ëmstänn Recommandatioune maache fir Problemer ze behiewen.
Am Avis heescht et d’lëtzebuerger Zentralbank, mee och de Comité selwer, géingen net déi néideg Drockmëttel zur Verfügung gestallt kréie fir kennen ze handelen. Donieft hätt de Comité, sou wéi d’Regierung e virgesäit, net de néidegen Accès un Informatioune fir seng Missioun kennen z’erfëllen.
De Comité ass Deel vun den Efforten vun der EU fir eng Finanzkris wéi 2008 an Zukunft ze verhënneren.
De Bäitrag vum François Aulner:
Hei den Avis vum Staatsrot iwwert de "Comité du risque systémique".