Commentaire: Drogepolitik iwerdenken

Gil Goebbels

Déi jonk Liberal, déi jonk Gréng, déi jonk Lénk an déi jonk Pirate fuerderen d’Legaliséierung ënnert staatlecher Kontroll vum Cannabis. Ouni déi Initiative a priori wëllen ze kritiséieren, ass et allerdéngs méi wichteg eng Reform bei haarden Drogen ze kréie wéi bei den “drogues douces” mengt de Gil Goebbels am Commentaire:

Wat beim Cannabis gëllt, gëllt och bei haarden Drogen... Op eng repressiv Politik setzen, heescht klengen Dealeren no lafen an an de Prisong schécken, mat all de Käschten déi domadder verbonne sinn, dat esouwuel um Niveau vun der Police, wéi vun der Justiz an dem Strofvollzug. Mam Resultat, wéi jo och Statistiken et beleeën, dass de Konsum awer net zeréck geet. Mir investéieren also Suen an eng Sysiphos-Aarbecht.

Nuancéiere muss een natierlech wann et ëm de gesondheetlechen Impakt vun Droge geet, do soll ee Cannabis an haart Drogen, wéi och Alkohol, net op de nämmlechten Niveau setzen. Haart Droge verursaache vill méi Schued, esouwuel kierperlech, wéi och psychesch. Dobäi kënnt de sozialen Aspekt vun enger Drogen-Dependance. Heroin zum Beispill féiert zu der kompletter Exklusioun aus der Gesellschaft.

Dat ass de Bilan dee Joerzéngte repressiv Drogepolitik hannerléisst. An hirem Koalitioun’s-Programm dréckt déi nei Regierung et esou aus : “La lutte contre le trafic et la consommation de drogues n’a pas connu le succès escompté alors que la consommation reste élevée”.

An awer zitt se net d’Konsequenzen déi sech imposéieren, nämlech endlech déi ganz gescheitert Politik komplett ze reforméieren. Dat fänkt beim Entkriminaliséieren vum Phenomen an engem medezinesch kontrolléierten Accès zu de Substanzen un. Domat ginn Drogen net verharmlost an et ass och sécher net den Ufank vun der Dekadenz.

Mais déi Leit déi staark ofhängeg sinn, an dat sinn der ëmmerhin bal 5 dausend laut engem RELIS Rapport vun 2013, kréie nees eng Perspektive op en hallefwees normaalt Liewen. E groussen Deel vun der Drogen-Kriminalitéit kéint esou ënnerbonne ginn, d’Suen déi doduerch gespuert gi kéinten an d’Preventioun investéiert ginn, d’Police an d’Geriichter kéinte verstäerkt géint aner Forme vu Kriminalitéit virgoen, mee virun allem um gesondheetleche Plang wär de Gewënn enorm, esouwuel fir d’Gesellschaft wéi och fir déi Betraffen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen