Commentaire: Kloerheet schafen no Luxleaks

D’Regierung a quasi all déi politesch Parteien, souwéi déi concernéiert Acteuren vun der Finanzplaz a verschidde Medien wieren sech géint d’Kritiken géigeniwwer Lëtzebuerg, d’Land géif grousse Gesellschaften bei der Steierhannerzéiung hëllefen. « Et ass legal », esou hier Mantra. Dozou e Commentaire vum Gil Goebbels:

 

Legal oder net legal ? Genee déi Fro versicht eigentlech d’EU-Kommissioun mat hiren Enquêten iwwert verschidde vun deenen ëmstriddenen Steieraccorden erauszefannen. Net nëmmen d’Rulinge stinn iwwregens an der Kritik, mee och déi steierlech Avantagen fir Revenuen aus der Propriété intellectuelle. Ob dës conforme mat EU-Konkurrenz-Recht sinn wäert sech eréischt erausstellen.

Mais och d’Conformitéit vun deene Praktiken par Rapport zu lëtzebuerger Recht misst eigentlech mol nach gekläert ginn. Well och zu Lëtzebuerg gëllt d’Konkurrenzrecht. An och zu Lëtzebuerg sinn Abuse bei der Steieroptimiséierung verbueden.

Dass esou Nuance keng Plaatz an der dach zimlech konfuser Kommunikatiouns-Strategie vun de politeschen a wirtschaftleche Responsabele fannen, mëscht et fir si och méi einfach d’Kritiken als eng Attack op d’Land duerzestellen a net e System, an esou ganz niewebäi all d’Awunner am Land dozou opzeruffen « zesummenzehalen ». Fir deem Appel no ze goe wär et awer ubruecht genee ze wëssen, wat mer eigentlech hei verteidege sollen.

Dass de System jo finalement jidderengem am Land profitéiert kann dorobber net déi eenzeg Äntwert sinn. Et wär awer och hypokritesch komplett vun der Hand ze weisen, dass dat zum Deel stëmmt.

Eigentlech wär et dofir elo e gudden Ament fir eng breed Debatt ze féieren iwwert d’Finanzplaz hei am Land. Och an der Chamber. Dat ouni Tabuen. Mat Fakten an Zuelen, wat déi verschidden Nischen am Finanzsecteur dem Land bréngen.

Op europäeschem an internationalem Plang setzen sech elo lëtzebuerger Spëtzepolitiker dofir an, fir déi ganz Steieroptimiséierung ënnert d’Lupp ze huelen. Wär et net nëmmen normal wann dat och hei am Land géif gemaach ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Weekend-Magasinn

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Noriichten

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen