Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Communautéite méi nobréngen

Gemengewahlen

Communautéite méi nobréngen

De José Vaz do Rio ass Éischtgewielten zu Bettenduerf an de Jairo Delgado gouf zu Ettelbréck an de Gemengerot gewielt. Alle béid wëllen hire Migratiounshannergrond notzen, fir d'Zesummeliewen ze fërderen.

auto_stories

3 min

Zu Ettelbréck si bal d'Halschent vun den Awunner Auslänner. Ee groussen Deel dovu wiere Kapverdianer, seet de Jairo Delgado. Seng Eltere si viru 45 Joer aus dem Cap Vert op Lëtzebuerg komm. Alle béid hunn d'Lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl.

Vill vun de Kapverdianer géife sech net verstane fillen, mengt den LSAP-Gemengepolitiker. Ee Grond dofir wier, datt si den Dialog mat anere Communautéite net géife sichen. "Do wäert ech de Mëttelsmann sinn, an déi verschidde Communautéiten zesummebréngen."

"Gemeinsam Politik maachen"

Zu Bettenduerf liewe ronn 2.800 Leit. Dovu si ronn 1.200 Auslänner, an dovunner iwwer 900 portugisesch Matbierger. De José Vaz do Rio huet souwuel déi portugisesch wéi och déi lëtzebuergesch Nationalitéit a lieft zënter 1979 zu Lëtzebuerg. Hie mengt, datt déi portugisesch Communautéit zu Bettenduerf ënner sech géif bleiwen. Dat selwecht géif fir d'Lëtzebuerger gëllen. "Et wier am Beschten, wann ee méi matenaner géif schwätzen." Hie plädéiert dofir, datt déi eenzel Communautéiten eng gemeinsam Politik solle maachen.

Fir tëscht de Communautéiten ze vermëttelen, wier ënnert anerem d'Sprooch ee wichtege Facteur. De Jairo Delgado verweist awer och op de kulturelle Volet, deen een als Gemengepolitiker mat Migratiounshannergrond besser géif verstoen. Kapverdianer hätten zum Beispill eng aner Liewensaart a Weis, seet hien.

Méi Wahlbedeelegung vun Auslänner

Vun all de wahlberechtegten Auslänner hu sech dëst Joer fir d'Gemengewahlen manner wéi ee Véierel op d'Wielerlëschten agedroen. Et wier wichteg, datt d'portugisesch Communautéit e Vetrieder am Gemengerot zu Bettenduerf hätt, seet de José Vaz do Rio. Mä nëmme ronn 150 wahlberechtegt Portugise wiere wiele gaangen. Dobäi kéimen déi, déi d'duebel Nationalitéit hunn a Portugisen aus zweeter Generatioun, déi d'Lëtzebuergesch Nationalitéit vu Gebuert un hunn.

Vill Kapverdianer wéissten net, datt si d'Wahlrecht hunn, mengt sengersäits de Jairo Delgado. Wa si besser informéiert wieren, géife sech och méi Leit aschreiwen.

"Sech net getraut matzegoen"

Bei de leschte Gemengewahlen goufe 17 auslännesch Awunner an d'Gemengeréit gewielt. Am Ganzen haten 236 Net-Lëtzebuerger kandidéiert.

Hie wier gefrot ginn, fir als Kandidat fir d'LSAP mat an d'Gemengewahlen zu Ettelbréck ze goen, seet de Jairo Delgado. Hien hätt sech net getraut, vu sech aus matzegoen. "Well ee sech net onbedéngt ugesprach fillt. Wat fir déi Meescht de Fall ass. Dann traut ee sech net, sech politesch z'engagéieren."

Éischte portugisesche Schäffen

De José Vaz do Rio ass schonn zënter 2011 am Gemengerot zu Bettenduerf. D'portugisesch Communautéit hätt seng Nominatioun als Conseiller deemools begréisst. Bei de Gemengewahlen dëst Joer gouf hien Éischtgewielten. Hie gëtt elo éischte Schäffen zu Bettenduerf. De Buergermeeschterposten huet hien ofgeleent.

"Well et muss ee Lëtzebuergesch an Däitsch gutt beherrschen. Och am Schrëftlechen. Ech verstinn a schwätze Lëtzebuergesch, mä dat geet net duer."