Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Computermusek fir Nationalfeierdag

Mënsch vs Maschinn

Computermusek fir Nationalfeierdag

Een Algorithmus wäert Musek fir Nationalfeierdag komponéieren. Dat suergt fir Opreegung. Allerdéngs wäert d'Wierk fir den Haaptakt vu Lëtzebuerger Komponiste geschriwwe ginn, präziséiert de Kulturministère.

auto_stories

2 min

De Kulturministère huet ee musikalescht Wierk an Optrag ginn, dat vu kënschtlecher Intelligenz soll generéiert ginn. Dat schreift de Ministère an engem Communiqué a confirméiert domat e Bréif vun der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs, deen um Méindeg fir Polemik gesuergt huet. Allerdéngs wier d'Wierk just am Virprogramm zum Festakt an der Philharmonie virgesinn, nuancéiert de Ministère.

Déi jonk Entreprise AIVA, 2016 gegrënnt, huet sech drop spezialiséiert, Partiture vu klassesche Kompositiounen ze scannen an a mathematesch Formelen ëmzesetzen, aus deenen nei Musek generéiert gëtt. D'Entreprise ass antëscht vun der Sacem esouguer als Komponist unerkannt. Et géif net drëm goen, d'artistesch Kreatioun duerch eng virtuell Kreatioun z'ersetzen, weist de Ministère d'Virwërf vun der FLAC zréck.

Koexistenz vu Komponisten a Computeren

D'FLAC betount, datt si net géint déi nei Technologien ass, déi d'Museker esouguer zum Deel selwer mat weiderentwéckelt hunn, mä "les commandes officielles sont rares au Luxembourg et les occasions de promotion encore plus." An dofir consideréiert d'FLAC dem Xavier Bettel seng Iddi als een Affront vis-à-vis vun de Lëtzebuerger Komponisten.

D'Präsenz vu Lëtzebuerger Kompositioun am Festakt fir den Nationalfeierdag wier net a Fro gestalt, heescht et am Kulturministère. Och fir den 23. Juni 2017 mécht den Ivan Boumans nees en Arrangement vu Lëtzebuerger Melodië fir groussen Orchester, an de Pascal Schumacher krut den Optrag fir eng nei Kompositioun.

Lëtzebuerg wier ee Land vun artisteschem Schafen, awer gläichzäiteg och een innovatiivt Land, an eng weltwäit Referenz a Saachen nei Technologien, seet de Kulturminister Xavier Bettel. Déi zwou Charakteristike kéinte koexistéieren.