Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Speakers Corner Quartet - Can We Do This? Feat. Sampha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Connecting - déi englesch Emissioun

Rentrée um radio 100,7

Connecting - déi englesch Emissioun

Connecting op Englesch ass een Adjektiv a bedeit Saache matenee ze verbannen, fir engersäits Accès an anerersäits Kommunikatioun unzebidden. D'Natasha Ehrmann moderéiert eis englesch Sendung.

auto_stories

2 min

D'Natasha Ehrmann moderéiert déi nei englesch Emissioun um radio 100,7

Wat ass déi Sendung?

Connecting verbënnt, schléisst un, reecht d'Hand, vereent a baut Brécken. Eng Emissioun op Englesch, fir all déi, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen a verstinn.

Méisproochegkeet a Multikulturalitéit sinn ee wichtege Bestanddeel vun eiser nationaler Geschicht an Identitéit. Doriwwer eraus huet dat traditionell, méisproochegt Lëtzebuerg ee bedeitenden Undeel un Immigranten, Grenzgänger an eng international Gesellschaft mat diverse kulturellen a soziale Wuerzelen.

Fir wien ass se?

Lëtzebuerg zielt 2020 eng Populatioun vu 626.000 Persounen. 47,4 Prozent vun deene sinn net-Lëtzebuerger. Lëtzebuerg steet op Platz siwe vum weltwäite Ranking vu Länner a Regioune mat englesche Kenntnisser.

Englesch ass d'Lingua Franca vun der internationaler Communautéit, déi an den EU Institutiounen, dem Banken- an Industriesecteur schafft. Englesch ass eng Business- a Finanzsprooch ginn a gëtt heefeg tëschent zwou Persoune vu verschiddenen Nationalitéite geschwat.

D'Sendung ass fir all Passionéierte vun interkulturellem Dialog.

Wat fir Theeme gi behandelt?

Aktualitéit, Lifestyle, Politik, Kultur, Gesellschaft aus dem Grand-Duché, mat Live Invitéeën, déi op Englesch iwwer hiert spezifescht Fach schwätzen an hir Analys zu engem Sujet ginn.

Wisou soll een aschalten?

Tailor-made Emissioun fir Anglophonen an Anglophillen. Fir Persounen ze informéieren, déi kee Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch kënnen, awer och Lëtzebuerger, déi eng aner Asiicht wëllen hunn.

Connecting setzt de Fokus op hir Besoinen, informéiert, fir datt si Lëtzebuerg besser verstinn, liewen, an erliewen.