Conseil supérieur vun de Gemengefinanzen: Awer keen neit Reglement

Eisen Informatiounen no zitt den Inneminister Dan Kersch seng Reformpropose zréck, mat där de Syvicol d'Propositiounsrecht bei den Nominatioune fir de Conseil supérieur des finances communales verluer hätt. De Minister selwer confirméiert d'Informatioun net. Den Dan Kersch seet just, dass d'Zeréckzéie vum neie Reglement eng vun de Méiglechkeeten ass. Elo wier et um Regierungsrot fir eng Décisioun ze huelen.

De Syvicol-President Emile Eicher bleift nach virsiichteg a schwätzt nach net vun engem Accord mam Inneminister. Eng Majoritéit vum Syvicol-Komité hätt sech gëschter dofir ausgeschwat, dem Minister ee Kompromëss ze proposéieren. Wann dat neit Reglement zréck gezu gëtt, akzeptéiert de Syvicol als Konterpartie d’Nominatioun vum Vera Spautz an den CSFC. Allerdéngs soll dat aktuellt Reglement an Zukunft am Sënn vum Syvicol applizéiert ginn. "Wa jiddereen sech un d’Gesetz hält, da kréie mer an Zukunft keng esou Diskussioune méi", sou den Emile Eicher.

Tëschent dem LSAP-Inneminister an dem Syvicol gouf et Sträit, well den Dan Kersch d’LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz an den CSFC nominéiert hat. Dat obwuel de Gemengesyndikat de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV) proposéiert hat. De Syvicol huet dem Dan Kersch virgeworf, domadder géint e groussherzoglecht Reglement verstouss ze hunn.

Hien wier der Meenung, "dass den aktuellen Text dem Syvicol e Propositiounsrecht a keen Decisiounsrecht gëtt", sot den Inneminister am Summer. An awer misst d’Reglement geännert ginn, "fir dass all Zweedeitegkeet an dëser Fro séier gekläert gëtt", esou den Dan Kersch weider. De Projet vum neie groussherzogleche Reglement gouf den 31. Juli am Regierungsrot ugeholl.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen