Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Die Zufällige Explosion Des Nichts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP26: D'Belsch goufe sech net eens

Weltklimakonferenz

COP26: D'Belsch goufe sech net eens

No zwou Woche Verhandlunge gouf dëse Weekend op der COP26 zu Glasgow a Schottland deen definitiven Accord virgestallt. 200 Länner hu sech dëst Joer eng éischte Kéier dozou verflicht, déi fossil Energië wéi Pëtrol a Kuel ze reduzéieren. An trotzdeem gëtt den Accord gréisstendeels als ongenügend dohigestallt. Och an der Belsch, eent vun de Länner, an deem ee sech intern net fir Klimaefforten eens gouf, ass de Bilan éischter schlecht.

auto_stories

2 min

"On a raté une occasion très importante d'avancer beaucoup plus rapidement": dat ass de Bilan vun der Adelaïde Charlier, Coordinatrice vu "Youth for Climate". An och de Wallounesche Klimaminister Philippe Henry, President vun der Belscher Klimakommissioun, ass net mat dem Bilan vun der COP zefridden.

An effektiv, et war déi flämesch Regierung, déi et net fäerdeg bruecht huet, sech mat den dräi anere Gremie vum Land op eng Rei Efforten eens ze ginn. Se si sech net op de sougenannte "Burden sharing", also d'Opdeele vun den Effforten eens ginn.

D'Zukunft vun de belsche Nuklearreakteren

"Un échec cuisant", "une honte" an "notre pays est ridicule" hu verschidden Oppositiounsparteie gemengt. An dobäi ass d'Belsch grad néng Plazen am international Klassement vun de Klimaleeschtunge gefall, op déi 49. Plaz, an ass domat ee vun de schlechtsten europäesche Schüler.

Grad am Moment, wou d'Energiepräisser Spëtzen erreechen, an d'Regierung virum Enn vum Joer muss decidéieren, ob se d'Existenz vun e puer vun de Belsche Kärreaktore soll verlängeren. De Regierungsaccord gesäit de Stopp fir 2025 vir, mee si sollen duerch Gaszentralen ersat ginn, déi wäit méi Kuelendioxid produzéiere wéi Nuklearenergie. Sënnlos also am Kader vun de weltwäite Reduktiounen.

Ëffentlech Finanzéierung vu fossille Brennstoffer gëtt gestoppt

De Klimatolog a fréiere Vizepresident vum GIEC Jean-Pascal van Ypersele vun der Universitéit Louvain-la-Neuve bleift sengersäits optimistesch. Laut him ass et schwéier, mee net onméiglech fir déi global Klimaerwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. An och de Rapport vum GIEC vun dësem Summer wier fir déi éischte Kéier bei der COP26 wierklech eescht geholl ginn.

Och wann d'Energie an der Belsch fir de Moment gréisstendeels net mat fossille Brennstoffer hiergestallt gëtt, sou huet sech eist Nopeschland bei der COP26 dozou engagéiert, am Joer 2022 déi ëffentlech Finanzéierung vun esou Energiequellen ze stoppen. Ee Schrëtt an déi richteg Richtung, och wann déi flämeschen Ëmweltministerin nach dëse Samschdeg matgedeelt huet, datt si déi Belsch Ambitiounen, wat d'Emissioun vun Zäregasen ugeet, wéilt reduzéieren.