Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COPAS begréisst Recommandatiounen

Alters- a Fleegeheimer

COPAS begréisst Recommandatiounen

D'COPAS begréisst d'Recommandatioune fir d'Alters- a Fleegeheimer, déi gëscht virgestallt gi sinn, an déi hëllefe sollen eng nei Infektiounswell an den Haiser ze verhënneren. Fir de President vum Daachverband hunn d'Ministerinne Cahen a Lenert déi noutwendeg Konsequenzen aus dem Waringo-Rapport gezunn.

auto_stories

2 min

De Marc Fischbach ass President vun der COPAS. Foto: Archiv

D'Recommandatioun hätt de Verdéngscht "lieserlech a kloer" ze sinn, esou de President vum Daachverband vun de Prestatairen an der Fleeg vun eelere Leit Marc Fischbach. Et wier näischt fundamental Neies, mee villes hätt missen iwwerschafft ginn, an déi Aarbecht, "déi gouf dann och gemaach."

Secteur gouf ëm Meenung gefrot

Awunner a Personal vun Alters - a Fleegeheemer a vu betreite Wunnstrukture solle reegelméisseg getest ginn. Vum nächste Méindeg u kënnen d'Leit an den Alters- a Fleegeheemer sech och eng drëtt Dosis vum Covid-Vaccin sprëtze loossen.

De Marc Fischbach begréisst och, datt de Secteur am Virfeld ëm seng Meenung gefrot gi war an datt den Awänn a Suggestiounen och Rechnung gedroe gouf. Och wat deen ëmstriddenste Punkt ubelaangt - nämlech d'Fro, ob een nëmme geimpfte Leit nei an den Haiser ophuele sollt. Um Enn gouf zeréckbehalen, datt d'Impfung keng Konditioun ass. Dozou de Marc Fischbach:

"Mir kënnen domat liewen, well de Secteur eng mission publique erfëllt. U sech si mir gehale fir déi Leit, déi keng aner Alternativ hu wéi an en Alters- oder Fleegeheim ze goen, och opzehuelen. A mir kënnen deene Leit jo awer vun eis aus net virschreiwen, datt se musse geimpft sinn, ier se an en haus opgeholl ginn."

Auskunftsflicht "eng Alternativ"

D'Recommandatioun gesäit elo vir, datt net-geimpft Leit virun hirer Admissioun en negative PCR-Test musse virleeën, an datt si wärend der éischter Woch vun hirem Openthalt am Haus och all Dag getest ginn.

95,7 Prozent vun de Bewunner an den Alters- a Fleegeheimer si geimpft. Wat d'Impfquot beim Personal ugeet, ginn et keng präzis Donnéeën. Gewosst ass just, datt 65 Prozent vun alle Mataarbechter aus den Haiser zu Lëtzebuerg geimpft goufen. Wéi vill sech der doriwwer eraus nach bei sech a Frankräich, Däitschland oder an der Belsch impfe gelooss hunn, ginn d'Lëtzebuerger Autoritéiten net gewuer.

Eng sougenannten Auskunftsflicht gesäit de Marc Fischbach als eng Alternativ, déi "natierlech eng grondsätzlech Ännerung vum Dateschutzgesetz wéi mer et haut kennen" bräicht.