Radioen

On air

Notturno  |  Portishead - Only You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cordon sanitaire funktionéiert nëmmen deelweis

Posteverdeelung am Europaparlament

Cordon sanitaire funktionéiert nëmmen deelweis

Am neien Europaparlament ginn den Ament Poste verdeelt. Dobäi gëtt ee sougenannte Cordon sanitaire no riets ugewant. Dat heescht, et soll verhënnert ginn, dat rietspopulistesch Politiker héich Poste kréien. Dat klappt awer net ëmmer. An et gëtt vun de Betraffene kontestéiert. Si reklaméiere fir sech, si wieren demokratesch gewielt.

auto_stories

3 min

D'Posten am Europaparlament ginn nom sougenannte System d'Hondt verdeelt, enger mathematescher Formel, déi fir Equiliber tëscht de politesche Parteien an de Memberlänner suerge soll.

D'Method ass zanter Joren ëmstridden. Déi grouss Delegatioune profitéieren dovun, seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen.

D'Deputéiert begéinen deem System mat enger Haass-Léift, erkläert de Charel Goerens vun der DP. "Ech gehéieren zu deenen, déi dee System haassen. Well mir d'Office bei der Besetzung vun héije Posten eraus sinn, souwuel an der Fraktioun wéi och um Niveau vum Parlament. Ech sinn dofir, déi Method ofzeschafen."

Majoritéit blockéiert Euroskeptiker

De System d'Hondt gëllt awer als Reegel, och wann dat néierens schrëftlech festgehale gouf. Heiansdo gëtt en allerdéngs ausser Kraaft gesat. "Dat nenne mer de Cordon sanitaire. Well mir net wëllen, datt Leit mat extreme Positiounen, déi Europa wëlle futti maachen op wichteg Poste kommen", sou de Christophe Hansen.

An der Parlaments-Kommissioun fir den internationalen Handel war dat zum Beispill den Maximilian Krah vun der däitscher AfD. D'Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei huet en anere Kandidat proposéiert, an dee gouf schliisslech als Vizepresident vun der Kommissioun gewielt.

An der Kommissioun Emploi gouf bis elo mat Succès verhënnert, datt déi fréier polnesch Premierministerin Beata Szydlo Presidentin gouf. Si hätt sech an der Vergaangenheet bei groussen Decisiounen am soziale Beräich negativ verhalen a wier net déi richteg fir deen Job, seet de LSAP-Europadeputéierten Nicolas Schmit.

Déi Betraffe wiere sech

D'Beata Szydlo selwer fillt sech allerdéngs ondemokratesch behandelt. Si géif déi Europäesch Wäerter respektéieren an hätt dat och als Premierministerin ëmmer gemaach, sot si an engem Interview mat Polskie Radio.

Och den aktuelle polnesche Premier Mateusz Morawiecki huet protestéiert. "Et ass net richteg, datt hei bestëmmte Konventiounen ausser Kraaft gesat ginn, d'EU sollt sech un déi Reegelen halen, déi se sech ginn huet."

Wou zitt een also déi rout Linn, wéini muss de Cordon sanitaire spillen?

"Dat ass eng normal Method, fir ze kucken, datt net Leit op Poste kommen, wou se net Saache viru bréngen, mee haaptsächlech bremse wëllen", seet dozou de Nicolas Schmit. Fir de Charel Goerens ass een hei an enger groer Zone. D'Léisung wier, dee System, wéi elo d'Poste verdeelt ginn, ofzeschafen. Amplaz dovu sollte sech all Kéiers Kandidaten opstellen, iwwer déi dann ofgestëmmt gëtt.

Cordon sanitaire och bei Fidesz-Deputéierten

Anere Fall vum cordon sanitaire: D'Andrea Bocskor vun der ungarescher Fidesz - Partei vum Viktor Orban sollt Presidentin vun der Kultur- an Educatiouns-Kommissioun ginn. Och dat gouf verhënnert. Zu Recht, seet de Christophe Hansen, deen am Europaparlament där nämmlechter Fraktioun wéi d'Fidesz, der EVP, ugehéiert.

"A mengen Ae muss de cordon sanitaire och hei ugewannt ginn. Ech sinn der Meenung, datt Leit vun der Fidesz keng Responsabilitéite sollte kréien. Mir vun der CSV si souwisou weiderhi fir d'Exklusioun vun der Fidesz aus der EVP", seet de Christophe Hansen.

Mee sou ganz huet et net funktionéiert mam Cordon sanitaire an deem Fall. Ënner den 13 Europadeputéierte vu Fidesz kruten der awer eng Partie een héije Posten, si stellen eng vun de Vizepresidentinne vum Parlament. An ausgerechent an der Budgets-Kontroll-Kommissioun, déi och kontrolléiert, wéi EU-Suen an de Memberlänner gebraucht ginn, ass mam Tamas Deutsch ee Fidesz-Politiker Vizepresident ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.