Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Left Tokyo Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen wëllt Ethikcomité saiséieren

No Kritik vun der Oppositioun

Corinne Cahen wëllt Ethikcomité saiséieren

D'Familljeministerin Corinne Cahen freet den Ethikcomité fir en Avis, ob si géint d'Deontologiesreegele fir d'Regierungsmembere verstouss huet.

auto_stories

2 min

D'Familljeministerin Corinne Cahen wëllt den Ethikcomité saiséieren. Foto: Archiv

D'Corinne Cahen huet dem Premier Xavier Bettel e Bréif an deem Sënn gemaach. Dee Bréif huet si och op hirer Facebook-Säit publizéiert huet.

An dësem Bréif schreift DP'Politikerin a fréier Geschäftsfra, si géif mengen, en Avis vum Comité d'éthique kéint den Debat méi objektiv maachen.

D'Corinne Cahen stoung déi lescht Woch an der Kritik vun der Oppositioun, well si am Abrëll dem Stater Geschäftsverband als Familljeministerin geschriwwen hat. An hirem Mail hat déi fréier Geschäftsfra sech beschwéiert, d'UCL géif net genuch fir de Commerce op der Stater Gare maachen, fir hinne wéinst dem Tram-Chantier ze hëllefen. Dëse Courrier war d'lescht Woch bekannt ginn.

CSV: Kritik wéinst Appartement

De Weekend gouf et um Kongress vun der CSV och Kritik un der Ministerin well si en Appartement op Airbnb verlount huet. Trotz parlamentaresche Froen aus der Oppositioun hat de Xavier Bettel et bis elo net fir noutwendeg fonnt, den Ethikcomité fir en Avis ze froen.

De Comité ka sech net selwer saiséieren, fir méiglech Verstéiss géint de Code de déontologie vun der Regierung ze aviséieren. E muss entweder vum Premier oder vun dem Minister, dee viséiert ass, gefrot ginn, fir en Avis ofzeginn.