Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corona, Klimakris a Logement als grouss Erausfuerderungen

Parteikongress vun de Gréngen

Corona, Klimakris a Logement als grouss Erausfuerderungen

Beim digitale Kongress vun deene Grénge goufen de Samschdeg d'Djuna Bernard an de Meris Sehovic fir eng weider Amtszäit vun dräi Joer bis no de nächste Wahlen als Co-Presidente vun der Partei erëm gewielt. Op deem Kongress war d'Pandemie ee vun de Haaptsujeten.

auto_stories

2 min

An der gemeinsamer Ried vu de Co-Presidenten huet de Meris Sehovic betount, datt déi Gréng d'Corona-Mesurë vun der Regierung ënnerstëtzen. Mee hien huet och gefuerdert, datt d'Fräiheetsrechter vun de Bierger net méi ewéi noutwenneg ageschränkt ginn. "Wann Aschränkunge kee Beitrag méi zur Andämmung vun den Infektioune leeschten, dierfen se net méi oprecht erhale sinn."

Et wéisst een ewell méi iwwer d'Verbreedung vum Virus an deem Wësse misst ee Rechnung droen. Et misst een de Bierger elo eng Perspektiv ginn, wéi een aus der Krisesituatioun eraus kënnt. Nieft de Vaccinë géifen dobäi d'Schnell- an d'Selbsttester eng wichteg Roll spillen. Dofir bräicht een elo eng kloer definéiert Strategie, déi dofir suergt, datt grouss Quantitéite vun Tester disponibel sinn, zu engem Präis, dee fir jiddwereen akzeptabel ass. Donieft bräicht een "eng Strategie, déi och kloer stellt, ënner wéi enge Konditiounen dës Tester Fräiheeten erméigleche kënnen".

Klimakris a gesellschaftlechen Zesummenhang grouss Erausfuerderungen

Iwwert d'Pandemie eraus, wieren de Klimakris an de gesellschaften Zesummenhalt déi grouss Erausfuerderunge fir déi nächst zéng Joer, sot d'Djuna Bernard. Ënner grénger Féierung hätt d'Regierung mam Klimaschutzgesetz kloer Ziler virgeluecht.

"Jiddweree weess elo, wou mer als Gesellschaft higinn. An domat ass och kloer, wat de Staat an Zukunft ënnerstëtzen wëll a wat net. Domat weise mir awer och: gréng Politik an eng innovative Wirtschaft gi laangfristeg Hand an Hand. Ambitiéise Klimaschutz ass d'Grondlag vum wirtschaftleche Wuelstand haut a muer."

Logement weider e wichtegt Theema

De Kampf géint de Klimawandel kéint just geléngen, wann een déi akommesschwaach Famille géif mat op de Wee huelen, sou de Meris Sehovic sot.

"D'Hausse vun de Wunnengspräisser an de Loyeren ass den zentrale Moteur, deen hei am Land d'Schéier tëscht aarm a räich auserneen dreift. Ze laang gouf sech der Illusioun higinn, datt de private Marché eleng dofir suergen kann, datt jiddereen zu sengem Recht op wierdegt Wunne kënnt."

Dofir bräicht een e staarke Staat, deen ëffentlechen, abordabelen an nohaltege Wunnraum géing schafen.