Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronavirus: Wéi verleeft d'Krankheet?

Pandemie

Coronavirus: Wéi verleeft d'Krankheet?

Flatten the curve - d'Kurb vun den Ustiechunge mam neie Coronavirus flaach halen - dat ass den Objektiv vun den ënnerschiddlech Mesuren, déi uechter d'Welt en Place gesat ginn. Dat ass wichteg fir de Gesondheetssystem net ze iwwerlaaschten, betount d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Wéi verleeft d'Krankheet Covid-19, déi de Virus ausléist? Wéi ginn d'Patiente behandelt a firwat ass dat esou eng Belaaschtung fir de Gesondheetssystem?

auto_stories

3 min

Covid-19 ass eng viral Infektioun, ausgeléist duerch den neie Coronavirus, seet de Romain Nati, Direkter vum CHL, dee selwer Longendokter ass. Bei verschidde Leit kéint dat zu enger Longenentzündung feieren. Dës Longenentzündung kéint eng méi liicht Form unhuelen, se kéint awer schlëmmste Fall déi zwee Longeflilleke komplett befalen.

Et gi keng Medikamenter

Normalerweis géif ee probéieren, déi Infektioun antiviral ze behandelen, seet de Romain Nati. Dat wier de Moment awer nach net méiglech, well et keng Medikamenter géif ginn.

De CHL hëlt un enger internationaler Studie deel fir e Medikament ze testen, dat nach net um Marché zougelooss ass, a China awer villverspriechend Resultater gewisen huet. CHL-Patienten, déi d'Krittäre vun der Studien erfëllen, kéinten dat Medikament kréien, esou de Romain Nati.

Soss hätt een awer keng Medikamenter, seet de Romain Nati. Dofir misst een elo d'Zäit iwwerbrécken a waarden, "datt déi natierlech Heelungskräften Iwwerhand huele géint déi Infektioun."

Patiente mussen zum Deel mechanesch beotemt ginn

Wann d'Kapazitéit vun de Longen duerch d'Longenentzündung erofgeet, mussen d'Patiente Sauerstoff kréien, esou den Direkter vum CHL. Verschidde Fäll wieren esou schlëmm, datt et net géif duergoe Sauerstoff zouzeféieren, sou datt de Patient misst ënner eng mechanesch Ventilatioun gestallt ginn, wou dann eng Maschinn d'Ootmung géif iwwerhuelen, preziséiert de Romain Nati.

Dofir stellt sech d'Fro, wéi vill Plazen a Better et ginn, déi mat esou Beootmungsmaschinnen ekipéiert sinn. Déi sinn an de Reanimatiounsdepartementer vun de Spideeler, wou d'Soins intensifs administréiert ginn. Der Carte sanitaire no géifen et 196 Intensivbetter ginn, seet d'Françoise Berthet, Sousdirectrice an der Santé.

Better an de Spideeler

"Middle-care"-Better kéinten och séier an "intensive-care"-Better ëmgewandelt ginn. D'Spideeler kennen awer och aner Plaze liberéieren. Beispillsweis an den OP-Säll, dofir seet de Romain Nati, am CHL kéint ee kuerzfristeg vu 24 op 50 Intensivbetter eropgoen, fir Covid-19-Patienten ze beootmen.

D'Regierung bestellt zousätzlech 30 Beootmungsmaschinnen, si wieren disponibel, dat wier kee Problem, seet d'Françoise Barthet. Fir déi Leit, déi eng maschinell Beootmung kréien, ze behandelen, misst d'Fleegepersonal eng Formatioun an en Training hunn. Hei géif ee riskéieren un de Maximum vun de Kapazitéiten ze kommen, mengt d'Sousdirectrice vun der Santé.

Lëtzebuerg hänkt vu Frontalieren of

Lëtzebuerg ass ëmsou méi vulnerabel, well 70 Prozent vum Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur Frontaliere sinn, wéi de Xavier Bettel d'lescht Woch erkläert huet. Fir datt si weider kënne schaffen, wann d'Nopeschlänner d'Grenzen zoumaachen, offréiert d'Regierung elo, fir si mat hire Famillen an den Hotellen ënnerzebréngen, déi wéinst de Reesaschränkungen eidel sinn.

Well de kruziale Punkt d'Personal ass, kuckt de Gesondheetsministère och, fir Lëtzebuerger mat medezinescher Ausbildung an de Verwaltungen ze mobiliséieren. D'Medezinsstudenten hunn hir Hëllef ugebueden. Fir aner Leit mat der néideger Ausbildung, déi de Moment net schaffen a wëllen asprangen, sollen an e puer Deeg Kontaktdonnéeë kommunikéiert ginn, wou si sech kënne mellen.