D'Athlete sollten awer op kee Fall viru vulnerabele Leit geimpft ginn, sou den André Hoffmann. Soubal all déi vulnerabel Leit duerch sinn, misst et awer dann och méiglech sinn déi 35 bis 40 Persounen aus der Lëtzebuerger Delegatioun ze impfen, déi fir Lëtzebuerg sollen op Tokio fléien, esou de COSL-President.
Eng konkret Demarche fir un Impfstoff ze kommen hätt de COSL awer nach net gemaach. De COSL-President hofft, datt d'Regierung hiren Impfplang nach ännert.
"De plang fir einfach ze soen 'mir gi mam Alter erof', dat ass alt esou ee Plang fir iwwer d'Ronnen ze kommen, dee mécht awer duerchaus net méi Sënn, wéi en aneren. An ech mengen, do kéint d'Regierung sech e bësse beweegen, zemools wann d'Sportler hiert Leit vertriede ginn. Dat ass jo awer och Nation Branding, wat do geschitt."