Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coursen op Portugisesch an der Grondschoul

Educatioun

Coursen op Portugisesch an der Grondschoul

Zu Esch gi vun der Rentrée 2017 u keng "cours intégrés" bannent de Schoulzäite gehalen. A verschiddene Fächer kënne Schüler den Ament an zéng lëtzebuergesche Gemengen an de reguläre Schoulstonnen op Portugisesch enseignéiert ginn. Ee vun de Grënn fir d'Ännerung zu Esch wieren Defiziter am Däitsche bei Schüler, di bis elo zum Deel an hirer Mammesprooch ënnerriicht goufen. Déi portugisesch Communautéit gesäit d'Ofschafe vun de "cours intégrés" kritesch.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / dolgachov

Eng Friemsprooch kéint e Kand nëmme richteg léieren, wann et seng Mammesprooch beherrscht. De José Coimbra, fréiere President vun der portugisescher Communautéit zu Lëtzebuerg, seet dowéinst, "d'Léieren an d'Kenntniss vun der Mammesprooch ass immens wichteg, indispensabel fir d'Reussite vun de Kanner." Dat hätte Studien, och eng vun der Uni Lëtzebuerg, gewisen.

An der Schoul Deich zu Diddeleng, an där och "cours intégrés" ugebuede ginn, gesäit een dat ähnlech. "Eng Parti Kanner hunn nach an hirer Mammesprooch Problemer. Dowéinst ass et net onwichteg, datt d'Kanner mol Portugisesch gutt léieren, fir herno och am Däitschen oder am Franséische matzekommen", erkläert de Mike Kickert, President vum Schoulcomité vun der Deich-Schoul.

Däitschkenntnisser léiden ënnert "cours intégrés"

Zu Esch ass een do anerer Meenung. Well déi portugisesch Kanner an de "cours intégrés" bannent de Schoulzäite vun der Klass getrennt ginn, hu si Defiziter am Däitschen. Déi regulär Sprooch am Unterrecht an der Grondschoul ass nämlech Däitsch.

De Jean Tonnar fuerdert dowéinst, datt d'Coursen net méi déi normal Schoulstonnen ersetzen. "Si kënnen Dënschdes oder Donneschdes Mëttes an de ganze Samschdeg gehale ginn. Mee si ginn net an de Schoulzäite bäibehale", sou den Escher Schoulschäffen.

Wellen bis op Lissabon

D'Decisioun vun der Gemeng Esch fir d'Coursen ofzeschafen huet Welle bis an dat portugisescht Parlament geschloen. Der portugisesch-sproocheger Lëtzebuerger Wochenzeitung Contacto no hätt d'Entscheedung fir een diplomatesche Virfall tëscht Lëtzebuerg a Portugal gesuergt. D'Educatioun vun de portugisesche Kanner, déi am Grand Duché liewen, wier eng Schlësselfro an de bilaterale Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Portugal, sou de Carlos Pereira Marques.

De portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg seet, déi Fro géi d'Allgemengheet betreffen, "well déi portugisesch Kanner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si Bierger vun dësem Land. An aus deem Grond hu mir alleguerten Interesse u gudde Resultater vun deene Kanner."

Alternative gi gesicht

Op enger rezenter Reunioun tëscht Lëtzebuerg a Portugal gouf dowéinst Ufank Mäerz zu Lissabon no Léisungen am Dossier gesicht. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no wieren nieft den aktuelle "cours intégrés" nach weider Modeller ausgeschafft ginn, wéi zousätzlech Coursen baussent de Schoulzäiten oder Nohëllef op Portugisesch.

Eng aner Optioun wier, d'Coursen op Portugisesch op de Cycle 1 - also Spillschoul a Precoce - ze konzentréieren. Hei kéinten och portugisesch Enseignanten an der Klass mam Titulaire zesumme schaffen, esou de Claude Meisch. An deem Fall missten déi portugisesch Autoritéiten awer méi Personal zur Verfügung stellen.

Gemengen decidéieren

An der Schoul Deich zu Diddeleng halen déi portugisesch Enseignanten den Unterrecht elo schonn zum Deel net getrennt vun der Klass, mee zesumme mam reguläre Léierpersonal. De Mike Kickert, President vum Schoulcomité, präziséiert: "Dat heescht, da gëtt de Cours op Lëtzebuergesch oder op Däitsch erzielt, an och op Portugisesch. An d'Kanner kënnen dann, wa si eppes matenee schaffen, an där Sprooch schwätzen, an där si sech am beschte kënne verstännegen." Bis elo hätt ee gutt Erfahrunge mat de "cours intégrés" gemaach, sou de Mike Kickert.

Wei eng Modeller an Zukunft ëmgesat ginn, géif un de Gemenge selwer léien, seet de Claude Meisch. "Ech denken, datt duerch déi Méiglechkeeten, déi mer hei schafen, méi Gemengen wäerten op dee Wee goen, respektiv déi kritesch Haltung, déi net ëmmer zu Onrecht an eenzele Gemenge bestanen huet, nach eng Kéier néi wäert iwwerduecht ginn."

Méi Matsproocherecht

De José Coimbra gesäit am Fall vun der Gemeng Esch e méigleche Prezedenzfall a fäert e Schnéiball-Effekt. Och d'Propos vum Educatiounsminister gesäit hie kritesch. Sou géife Coursen baussent de Schoulzäiten d'Sozialisatioun vun de Kanner negativ beaflossen. Coursen a Fräizäit-Aktivitéite géife sech iwwerschneiden, sou de José Coimbra.

De fréiere President vun der portugisescher Communautéit zu Lëtzebuerg plädéiert iwwerdeems och dofir, datt déi betraffen Elteren an dëser Thematik méi misste matschwätze kënnen. En vue vun den Aschreiwunge vun de portugisesche Bierger an d'Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen am Oktober seet de José Coimbra: "Wa mir gefrot ginn aktiv ze partizipéieren a Bierger vun dësem Land ze ginn, da wëlle mir och bei Decisioune gehéiert ginn. Mir mussen Acteur bei dëser Entscheedung sinn."