Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Gesetz soll bis den 18. Oktober verlängert ginn

Covid-Gesetz

Covid-Gesetz soll bis den 18. Oktober verlängert ginn

Déi aktuell Covid-Mesurë solle mat klengen Ännerunge verlängert ginn, huet de Xavier Bettel annoncéiert. De Large-Scale-Testing leeft wéi annoncéiert de 15. September aus, PCR-Tester sinn dann net méi gratis.

auto_stories

3 min

Den neie Covid-Text wier gréisstendeels de Status quo, esou d'Paulette Lenert.

Eng kleng Ännerung géif et ginn: de Cordon sanitaire iwwer de CovidCheck-Regime an de Spideeler an Altersheemer gëtt adaptéiert: et géifen net nëmme Leit ginn, déi op Visitt ginn. Elo géif dat ganzt Gebai ënner de CovidCheck-Regime gestallt ginn.

D'Ännerungen an der Schoul stellt de Claude Meisch zesumme mat der Paulette Lenert muer vir. De Congés pour raisons familiales gëtt och verlängert.

PCR-Tester gi payant

Well jiddweree sech mëttlerweil impfe loosse kann, wier een an engem neie Moment an der Pandemie ukomm. Et hätt ee vill Aschränkunge gehat, mee et kéint een net méi toleréieren, datt d'Fräiheete fir jiddwereen ageschränkt ginn, well eng Minoritéit u Leit sech net impfe wëllt loossen.

Vum 15. September un ass de PCR-Test payant, annoncéiert de Xavier Bettel. D'3G-Reegel géif weider Bestand hunn. Déi Leit, déi reese wëllen oder u CovidCheck-Evenementer wëllen deelhuelen, misste fir hiren Test selwer bezuelen. Et géif un enger Léisung geschafft gi fir Leit, déi sech net impfe loosse kënnen.

Et kéint een net acceptéieren, datt eng Majoritéit fir eng Minoritéit d'Tester bezuele misst, datt eng Minoritéit Saache fir eng Majoritéit imposéiert, seet de Xavier Bettel.

"Impfe war nach ni esou einfach wéi elo"

74 Prozent hätten op d'mannst eng Impfung kritt, seet de Xavier Bettel. Domat géif een iwwer dem Duerchschnëtt vun der EU leien.

"D'Impfung ass de beschte Schutz géint de Virus." Et kéint ee sech zwar infizéieren, mee de Risiko ass manner grouss fir seriö krank ze ginn.

Déi aacht Leit, déi aktuell op der Intensivstatioun leien, waren net geimpft, seet de Xavier Bettel. D'Impfung géif verhënneren, datt een e schwéiere Verlaf vun der Krankheet kritt.

Aktuell wier eng Persoun vu 40 Joer op der Intensivstatioun, déi och net geimpft ass. Kee wier sécher virum Virus, esou de Premier.

Impfe bei 241 Hausdokteren

D'Impf-Offer wier fir jiddwereen op, an de Xavier Bettel mécht en Appell un d'Leit, sech impfen ze loossen. Den Impf-Bus wier vill ënnerwee.

241 Hausdoktere géifen elo eng Impfung ubidden. Leit, déi nach Froen hunn, sollte mat hirem Hausdokter kucken, fir hir Froe beäntwert ze ginn.

Niewewierkunge bei der Impfung wiere "vill méi rar" wéi Komplikatioune vun enger Infektioun.

Positive Bilan vum CovidCheck

De CovidCheck hätt et erlaabt, e relativ normaalt Liewen ze hunn, esou de Xavier Bettel. "De Match ass awer net gewonnen", esou de Premier.

D'Paulette Lenert zitt e positive Bilan vum Covidcheck: Et goufen 6.700 CovidCheck-Evenementer mat ënner 300 Leit an 233 Evenementer mat iwwer 300 Leit. Et wiere keng Evenementer ginn, déi problematesch gewiescht wieren, de Regime hätt sech bewäert.

Keng Explosioun bei Hospitalisatiounen

D'Infektiounszuele wieren net niddreg an et wier och keng Explosioun ginn, seet de Xavier Bettel. D'Situatioun wier stabil, esou de Xavier Bettel. Gëschter goufen et bei 4.955 Tester 144 positiv Resultater, dat entsprécht engem Positivitéitstaux vun 2,91 Prozent.

D'Hospitalisatioune sinn net proportional eropgaangen a manner Leit si gestuerwen, wéi déi Méint virdrun, preziséiert de Xavier Bettel. "Dat ass e positiven Effekt vun der Impfung."

Et kéint een d'Infektiounszuelen net eleng huele fir Mesuren ze huelen, d'Belaaschtung an de Spideeler ass och wichteg, widderhëlt de Xavier Bettel.

Geimpft an awer positiv?

An de leschter Woch ware knapp 20 Prozent vun den Neiinfektiounen komplett geimpft. D'Vaccine géife gutt wierken, ënnersträicht d'Paulette Lenert.

Leit, déi geimpft goufen, kënne sech nach ëmmer ustiechen. Et hätt een awer eng 80 Prozenteg manner grouss Warscheinlechkeet, sech unzestiechen. Dat hätten Etüden aus Frankräich weisen, seet d'Paulette Lenert.

De Risiko bei enger Impfung wier "wesentlech" manner héich wéi bei Covid-19.

Déi véiert Well wäert gréisstendeels vun net-geimpfte Leit gedriwwe ginn, esou d'Paulette Lenert.