Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck an de Betriber: Grouss Ënnerscheeder tëscht den Entreprisen

Lëtzebuerg

CovidCheck an de Betriber: Grouss Ënnerscheeder tëscht den Entreprisen

Nodeems d'Covid-Gesetz e Méinde gestëmmt ginn ass, musse sech d'Betriber elo entscheeden, ob si de CovidCheck applizéiere wëllen oder net. Um Terrain ginn d'Meenungen auserneen. Vill vun de grousse Betriber hunn net Wëlles de System ganz ëmzesetzen. Aus ënnerschiddleche Grënn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De gréisste Betrib am Land, Post Lëtzebuerg, wäert de CovidCheck applizéieren, awer nëmme fir Reunioune mat iwwer zéng Leit an an de Kantinnen. D'Luxair wëllt de CovidCheck-System och esou applizéieren, erklärt de Generaldirekter vun der nationaler Fluchgesellschaft Gilles Feith. Leit déi de CovidCheck net kéinten oder net wéilten applizéieren, hätten an Zukunft d'Méiglechkeet fir d'Reunioune à distance ze suivéieren, sou den Direkter vun der Luxair. Och an de Kantinnen hätt een d'Méiglechkeet fir Vente à emporter ze maachen, oder sech am CovidCheck-Regimm op een Dësch ze setzen.

Op der anerer Säit si Cactus, ArcelorMittal an d'Botzentreprise Dussmann. Sie wäerten de CovidCheck net applizéieren, krute mir op Nofro hi gesot. ArcelorMittal gëtt un, wéinst dem Dateschutz géif et fir si net a Fro kommen an Dussmann erkläert, datt hir Beschäftegt souwisou eleng oder nëmmen a klenge Gruppe schaffe géifen. Héchstens fir Reunioune kéint de CovidCheck hei genotzt ginn.

Eng Solutioun, fir méi Leit impfen ze kënnen, gesäit de Luxair-Direkter Gilles Feith beim Impfbus, an dee misst och direkt bei déi Beschäftegt kommen.

Et sinn awer och Betriber, déi sech nach net festleeë wellen. D'CFL wier nach dobäi déi verschidde Modalitéiten ze analyséieren, mee si géifen dem Covid-Gesetz favorabel géigeniwwer stoen, heescht et do. Och PwC ass nach net decidéiert. Hei soll d'Ëmsetzung deemnächst zesumme mat der Personaldelegatioun gepréift ginn.