Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck och op der Aarbecht?

Aarbechtswelt

CovidCheck och op der Aarbecht?

D'Rentrée suergt och an der Aarbechtswelt fir e richtegen "Casse-tête", seet den Direkter vum Patronatsdaachverband UEL. Wann nees méi Leit zeréck op de Büro schaffe kéimen, géif sech d'Fro vun der Sécherheet stellen, sou, de Jean Paul Olinger. Well net jiddweree léisst sech géint de Coronavirus impfen. Fir eng Koherenz tëscht de sanitäre Mesuren an der Aarbechtswelt an dem Privatliewen ze kréien, wier dem Jean-Paul Olinger no eng méiglech Pist d'Aféierung vum CovidCheck System am Betrib.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Mat manner Leit um Büro wier d'Anhalen vun de sanitäre Mesuren, wéi zum Beispill d'Distanzen anhalen, einfach. Mee wann nees méi Leit aus dem Home Office zeréck op de Büro kommen, géif d'Situatioun méi schwiereg ginn, esou den Direkter vun der UEL. Et wier schwéier fir de Geimpften hir Rechter zeréck ze ginn, well een net zu 100 Prozent wéisst, ob se geschützt sinn. Donieft géif sech nach d'Problematik stelle vu Leit, déi net kënne geimpft ginn. Déi kéint een net identifizéieren, well een den Impfstatus vun enger Persoun net ouni Erlabnis vun där Persoun kéint offroen.

D'Erausfuerderung fir d'Aarbechtswelt léich doranner dräi Elementer ze reconciliéieren. D'Protection des données, d'Santé publique an déi individuell Fräiheeten.

"Et muss een net geimpft sinn, et muss ee sech net teste loossen, et däerf een am Betrib net froen, ob ee geimpft ass, et däerf ee keen Testresultat froen. Dat ass net einfach fir e Patron, well en eng Obligatioun huet fir seng Salariéen, seng Clienten, Fournisseuren ze schützen."

Fir eng Koherenz tëscht de sanitären Mesuren an der Aarbechtswelt an dem Privatliewen ze kréien, wier dem Jean-Paul Olinger no eng méiglech Pist d'Aféierung vum CovidCheck System am Betrib. Wéi ee mat Leit ëmgeet, déi de CovidCheck-Regimm net wéilte matmaachen, misst een och elo diskutéieren, sou de Jean-Paul Olinger.

D'Regierung soll nächst Woch iwwer Upassungen am Covid-Gesetz beroden. Déi aktuell sanitär Mesurë gëllen nach bis Mëtt September. De CovidCheck-System gëllt aktuell fir gréisser privat an ëffentlech Evenementer, grad ewéi am Horesca-Secteur.