Radioen

On air

Notturno  |  Lonnie Holley & Moor Mother - I Am A Part Of The Wonder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Crèche Bous: Responsabel gouf inculpéiert

Justiz

Crèche Bous: Responsabel gouf inculpéiert

Schonn Enn Mäerz, fënnef Méint no der Zwangs-Fermeture vun enger Crèche zu Bous hat den Untersuchungsriichter déi Responsabel vun der fréierer Crèche inculpéiert. Dat huet de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hi confirméiert. Déi Ugeklote kritt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer reprochéiert an d'Privatioun vun Iessen a Versuergung. Op deene Chargë stinn an dësem Fall bis zu zéng Joer Prisong. Ob et zu engem Prozess kënnt, ass domat nach net decidéiert. D'Enquête vun der Justiz leeft nach.

auto_stories

3 min

Bigstock

An der Crèche Roude Léiw zu Bous ware ronn 20 Kanner ageschriwwen, wéi de Parquet eng Enquête géint d'Crèche opgemaach huet. D'Wuelbefanne vun de Kanner wier méiglecherweis a Fro gestallt, hat et geheescht. Den Educatiounsministère hat der Crèche direkt am Oktober zejoert den Agreement entzunn.

Eng vun den 20 Mammen ass d'Nadine, Numm vun der Redatioun geännert. Datt si néng Méint op nei Informatiounen huet misste waarden, léist bei der jonker Mamm gemëschte Gefiller aus.

"Ech war erliichtert, datt ech awer gesinn, datt e Suivi do ass, mee ech sinn och immens enttäuscht, datt ech déi Noriicht, datt et e Suivi gëtt, um Radio gewuer gi sinn an net vun deenen zoustännege Leit, déi sech am Fong drëm bekëmmeren. E klénge Bréif wier mir schonn duergaangen, datt ech einfach weess, datt eppes geschitt an net esou, wéi et momentan leeft, datt ech muss Recherchë maachen, fir eppes erauszekréien."

Als Partie Civile hätt d'Nadine d'Méiglechkeet en Abléck an den Dossier vun der Affär ze kréien. Dat hätt déi concernéiert Mamm bis haut net gewosst.

"Nee, dat huet och keen eis gesot. Dat ass dat éischt wat ech wäert maachen, mech direkt bei deenen zoustännege Leit ze mellen, fir gewuer ze ginn, wéi ech mech muss uleeën, fir weider ze kommen."

Bis ewell hätt keng vun den 20 Mammen eng Nieweklo agereecht. Dat huet de Justizspriecher Henri Eippers eis op Nofro hi confirméiert.

"Schlëmm, fir net genee ze wëssen, wat wierklech geschitt ass"

D'Nadine hätt sech vun Ufank un eng méi grouss Betreiung gewënscht. Déi lescht néng Méint hätt si psychologesch ënner der Situatioun gelidden. Et wier schlëmm, fir net genee ze wëssen, wat wierklech geschitt ass, seet d'Nadine. "Geet et hei ëm eng schlëmm Maltraitance oder sinn d'Kanner "entre guillemets liicht bestrooft ginn", dat weess ee jo net. Dat zerrt engem un den Nerven."

Hiert Kand wier zum Zäitpunkt vun der Dot nach keng 18 Méint al gewiescht an et konnt och nach net schwätzen. "An dat ass eppes, wou ech haut nach immens domat ze kämpfen hunn. Ech dreemen dovun a ginn dowéinst och dacks naassgeschweesst waakreg. Ech hunn dat nach net richteg verschafft."

D'Nadine fënnt et och net an der Rei, datt d'Elteren net direkt Hëllef proposéiert kritt hätten. "Vläicht datt souguer dee Moment, wou dat geschitt ass, direkt ee Psycholog do gestanen hätt."

Am Fall vun der Crèche Léiwe Léiw enquêtéiert d'Justiz weider. Zu Bous ass op der selwechter Plaz eng nei Crèche mat enger alternativer Pedagogik geplangt.