Radioen

On air

De Moien  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Zäit am Wäissen Haus, och fir d'Press

USA

Eng nei Zäit am Wäissen Haus, och fir d'Press

"Oppositioun géint bal alles, wat den Obama fäerdeg bruecht huet", sou gesäit den 100,7-Korrespondent déi nächst Joren zu Washington. An de Philip Crowther erzielt och vum Schaffen am Wäissen Haus.

auto_stories

3 min

De Philip Crowther schafft zu Washington fir France24 an de radio 100,7

Den 20. Januar iwwerhëlt den neien amerikanesche President offiziell säi Posten. Mat senger Regierungs-Equipe, déi an Tëschenzäit steet, wier de Donald Trump no un deem wat hie während senger Wahlcampagne annoncéiert hat, seet de Philip Crowther, Korrespondent zu Washington fir France24 an de radio 100,7.

Hie geet dovun aus, datt déi éischt Méint vum President Trump ënnert dem Zeeche vun der Onberechenbarkeet wäerte stoen."An Equivalent vum Gesondheetsministère wäert ee Mann setzen, dee géint dem Obama seng Reform ass, a wäert versichen, alles emzekrempelen. Am Equivalent vum Energieministère wäert ee setzen, deen net un der Klimawiessel gleeft", resuméiert de Journalist. Alles an allem wäert ee grousse Wiessel kommen, fir d'USA a fir d'Welt, seet de Philip Crowther. Wéi dee Wiessel genau wäert ausgesinn, wier awer schwéier ze soen.

Net un den Trump gegleeft

Hie selwer war ganz laang net dovun ausgaangen, datt den Donald Trump et iwwerhaapt kéint packe fir Kandidat bei den US-Wahlen ze ginn. "Ech war ee vun de ganz ville Journalisten, déi de Phänomen Trump zwar wollten erklären a verstoen, awer ni richteg verstanen hunn wéi serieux dat Ganzt war", sou de Philip Crowther am Gespréich mam Michel Delage.

Trotzdem hätten et Indice ginn. Zum Beispill ee Wahlevent an engem Duerf am North Carolina. 17.000 Leit waren do, obwuel d'Duerf just 6.000 Awunner hat. "Do huet ee scho gesi wéi grouss d'Motivatioun vum Trump senge Supporter war." Den Enthusiasmus wier esou net beim Hillary Clinton ze gesi gewiescht.

"Trump huet net vill mat senge Wieler ze dinn"

Wat d'Grënn ugeet, firwat den Donald Trump iwwerhaapt gewielt ginn ass, seet de Philip Criwther, datt de Wonsch no engem Anti-Establisment-Kandidat sécher matgespillt hätt. "A méi Anti-Establishment wéi den Donald Trump gëtt et wahrscheinlech net".

Allerdéngs hätt den Donald Trump och net vill mat deene Leit ze dinn, déi hie gewielt hunn, nämlech d'Bewunner vun sougenannte "Rust Belt", déi fréier an der Stolindustrie geschafft hunn. Et wier awer och generell "immens rar", datt no aacht Joer, nach eng Kéier déiselwecht Partei zeréckgewielt gëtt.

"Wäisst Haus ënner Drock duerch d'Journalisten"

Journalist zu Washington ze sinn, heescht fréi opzestoen, gëtt de Philip Crowther ze verstoen, an dat an den zwee Sënner vum Wuert. Elleng d'Pressekaart fir d'Wäisst Haus ze kréien, wier net einfach. Mee während zu Lëtzebuerg mol net all Woch ee Regierungsbriefing fir d'Press ass, ginn d'Journalisten am Wäissen Haus vum zoustännege Spriecher vu Méindes bis Freides all Dag empfaangen. "Mir stellen all Dag iwwert eng Stonn laang Froen, d'Wäisst Haus ass ënner Drock duerch d'Journalisten als Kollektiv", sou de Philip Crowther.

Et ass och net seelen, datt de Philip Crowther dem President selwer iwwert de Wee leeft. Dat heescht awer net, datt een onbedéngt no un hien erukënnt. "Dat noost wat ech hat, war datt ech dem Barack Obama eng Fro gestallt hunn während enger Pressekonferenz", sou de Journalist. Dat wier fir een auslännesche Korrespondent schonn onerwaart an "ee grousse Moment" gewiescht.

"Exklusiv-Interview méi schwéier"

"Dem Barack Obama d'Hand ginn, dat geschitt just op der Chrëschtdagsparty déi all Joer fir d'Press organiséiert gëtt". Do misst een dann ee "richteg gudde Saz parat hunn", fir méi laang kënne mat him a senger Fra ze schwätzen. "Mee fir de President wierklech ze treffen oder een Exklusiv-Interview mat him kënnen ze hunn, dat ass ebessi méi schwéier".

De Barack Obama war "kee grousse Fan vun der Press", sou de Philip Crowther, "mee d'Ambiance war gutt". Momentan géif d'Press aus dem Wäissen Haus sech Suerge maachen. "Mir wëssen alleguer: de Barack Obama ass a war ee coole President, dat heescht, ee wou ëmmer eppes Intressantes konnt geschéien am Wäissen Haus. Mam Donald Trump wësse mir net wéi et wäert weider goen".